An der Arméi gëtt reagéiert: an zwar op d'Foto déi um Mëttwoch publizéiert ginn ass, wou Zaldoten aus dem Manöver Ösling 84 drop sinn.

Déi Zaldote wiere keng Bommeleeër, heescht et awer, mee nëmme Jongen, déi am Manöver sinn.

A virop emol eng Confirmatioun also: d'Foto ass effektiv am Éislek op engem Bauerenhaff gemat ginn nom Manöver Ösling 84. Op der Foto 5 Lëtzebuerger Zaldoten an de Rescht wieren tatsächlech Special forces, Amerikaner. Si waren déi an der Arméi sougenannte „partie rouge“. D' „partie bleue“ war déi normal Arméi.

De Manöver wier ëmmer deeselwechte gewiescht: ënnerstëtzt vu Militär an och vun zivile Persounen wieren amerikanesch Special forces am Land parachutéiert ginn. Déi hätte sech deeglaang verstoppt, hätte Waasser just gehat fir ze drénken, se hätte bestëmmten Ziler, targette gehat, déi se hätte missen zerstéieren, simuléiert, versteet sech. Si hu sech also verstoppt, hunn hir Zieler ausspionéiert an hu se attackéiert, mat realistesche Sprengstoffattrappen, déi se matbruecht haten. Hir Zieler waren Brécken, Tunnellen, de Findel, Pylonen, d'Staumauer, de Radio - frappant also genee déi Zort Ziler, déi och d'Bommeleeër attackéiert hunn.

Am Manöver hu se nom fiktive Sabotage Arbitteren gemellt, si hätten hiert Zil zerstéiert. Déi Arbitteren hunn dann d' Aarbecht bewäert, technesch gesinn. Technical advisers goufen déi amerikanesch Arbittere genannt – an der Arméi hate se och alt emol de Spëtznumm Old Shatterhand.

D'Arméi, sot eis en Ënneroffizéier, déi huet während de Bommejoeren wéi geckeg mat der Police a mat der Gendarmerie geschafft fir Ziler dorëmmer ze bewaachen. An et hätt ëmmer do geknuppt, wou kee op Wuecht stung. Bon, dat ass jo bekannt, entretemps.

Mir waren a sinn keng Bommeleeër, soen der an der Arméi.

An iwwregens och nach dëst: d'Jongen op der Foto sinn net beim Geheimdéngscht gewierscht, si giffen och net Schiltz a Bock vum Geheimdéngscht heeschen, wéi gesot gouf.

An da nach dat hei: an der Arméi hätt deemools keen realiséiert, datt d'Bommeleeër genee déi vital Punkte vum Land attackéiert hunn, déi an de Manöveren och ëmmer d' parties rouges ugegraff hunn.

Den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser huet sech beim President vun der SREL-Enquêtekommissioun, dem Alex Bodry gemellt, fir him matzedeelen, dat hien an den 80 Joeren als Arméi-Offizéier bei enger Rei Manöver matgemeet huet, dorënner och den Oesling 85.

AUDIO: Karteiser iwwer Oesling 85/Interview Jean-Marc Sturm

Iwwert den Oesling 84-Manöver a soss d'Roll vun der Arméi zu där Zäit gëtt jo den Ament an der Kommissioun diskutéiert an dowéinst géif den Fernand Kartheiser fir e Gespréich zur Dispositioun stoen.

Arméi: Zaldote op Manöver84-Foto si keng Bommeleeër
Arméi: Zaldote op Manöver84-Foto si keng Bommeleeër