Revelatioune Bommeleeër: Et geet duer, sou DP an déi Gréng

„Et geet elo duer“ soen d'DP an Déi Gréng, nodeems publique gemeet gouf, datt d'Ministeren Juncker a Frieden ewell 2006 vum SREL an d'Bild gesat goufen.
Obwuel d'Regierung also Bescheed wousst, wieren der Justiz an dem Parlament dës Informatiounen virenthale ginn. DP an déi Gréng veruerteelen schaarf de „fait“, datt béid Ministeren probéiert hätten d'Responsabilitéit fir d'Weiderginn vun den Informatiounen op de SREL ze drécken.
De gréngen Fraktiounspresident verweist an deem Kontext och drop, datt de Loyer fir en Appartement vum Gérard Reuter duerch de Staat bezuelt gi wier.
De François Bausch freet d'Regierung d'komplett Wourecht op den Dësch ze leeën an d'Kaart vun der Transparenz ze spillen. Am beschte wier de Staatsminister duerfir beroden, eng ëffentlech Deklaratioun an der Chamber zum Sujet ze maachen.