De Me Vogel huet d'Fro opgeworf, ob eemol géint de Ben Geiben geklot gouf ... an ob dat eventuell Roserei ausgeléist kéint hunn. Parquet kuckt dat no.

D'Presidentin vum Geriicht huet um Ufank vun der Sëtzung vun en Donneschdeg de Mëtte matgedeelt, dass d'Justiz de Verbatim vun zwou Auditioune vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun Geheimdéngscht krut; et geet dobäi ëm déi vum Fränk Schneider a vum André Kemmer.

D'Sylvie Conter huet ugekënnegt, dass den Tri dovu géif gemaach an nëmmen déi Passagë géifen zréckbehale ginn, déi d'Bommeleeër-Affär concernéieren. Donieft géif un der Lëscht vun den Zeie geschafft ginn, sou wéi se vun der nächster Woch u sollen un d'Rei kommen, fir auszesoen.

Dono ass de Policeenquêteur Carlo Klein virugefuer mat sengen Ausféierungen zum Volet Ben Geiben, déi u sech um Donneschdeg sollen op en Enn kommen, no déck zwou Wochen, an deene sech mat deem Sujet beschäftegt gouf.

An deem Zesummenhank wëll de Me Vogel wëssen, ob et um Parquet eng Plainte gouf géint de Ben Geiben wéinst enger Pedophilie-Affär. De Procureur Georges Oswald sot, dat nozekucken.

De Me Vogel huet doropshin d'Fro gestallt, ob eng Klo géint de Ben Geiben vläicht zu enger déiwer Roserei vum Grënner vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie kéint gefouert hunn.

Bommeleeër: De Colonel Harpes
Bommeleeër: De Colonel Harpes