D’Enquêtekommissioun Geheimdéngscht huet decidéiert, dass se sech vun elo un op eng Reform vum Geheimdéngscht konzentréiert.

Also op legislativ Ännerungsproposen, wat d’Prozeduren an d’Organisatioun ugeet. Zum Beispill wier d’Fro vum Rerutement nach guer net behandelt ginn. Bis d’Summervakanz soll ee Rapport virleien. Et ass awer net ausgeschloss, dass duerno op anere Punkte weidergeschafft gëtt. D’Zeien, déi nach geplangt waren, ginn awer nach gehéiert, dorënner de Jean-Claude Juncker an de fréiere Chef vum Geheimdéngscht Marco Mille.

AUDIO: De President vun der Enquêtekommissioun Alex Bodry

An der Reunioun mam aktuelle SREL-Chef Patrick Heck ass et um Donneschdeg notamment ëm d'Finanze gaang. Do war an de leschte Joeren net ëmmer alles transparent. 2011 wieren d'Prozeduren awer ugepasst.