De fréiere Chef vun der brigade mobile, de Ben Geiben, huet en Alibi fir d'Bommenattentat um Geriicht Enn Oktober 1985.

Säin deemolegen Amant an nach ëmmer Liewenspartner Pit Spielmann schreift an engem oppene Bréif un d'Medien, hie wier mam Ben Geiben am Zëmmer vum Holiday Inn gewiescht, wéi et geknuppt huet um Geriicht.

Datt de Ben Geiben esou dacks am Land war, wa Bommen explodéiert sinn, explizéiert de Pit Spielmann domat, datt hien an de Ben Geiben sech ofwiesselnd zu Bréissel an zu Lëtzebuerg gesinn hätten.

AUDIO: Reaktioune vun der Me Lorang an dem Me Vogel

Fir de Rescht reegt sech de Pit Spielmann onheemlech op iwwer d'Defense vu Scheer a Wilmes, eng Defense, déi am Prozess obsessiv, acharnéiert a mat schmierigen Insinuatioune säi Liewenspartner als Bommeleeër an d'Spill brénge giffen.

Hei de Bréif:

Es reicht ! – [Reloaded]

 

Säit iwwer 25 Joer ass den Ben Geiben ewe’i een ro’uden Fuedem duerch den Dossier « Bommelee’er » gegeeschtert mee  leider ass ëmgedre‘int, an o’uni daat mir je irgend een irgend eppes gefroot hätten, den Dossier „Bommelee’er“ am Laaf vun deenen ongezielten juristëschen oder journalistëschen Rebondissementer, ebenfalls ewe’i een ro’uden Fuedem duerch sein, duerch eist, Liewen gegeeschtert.

 

Säit enger geraumer Zäit, an en particulier säit dem Ufank vum Prozess, huet den Ben Geiben sech geweigert fir un eppes deelzehuelen waat streckenweis e’ischter un een Spektakel am Genre vun RTL Explosiv erënnert, ewe’i un een „procès du sciècle“ deen soll Liicht an schwe’ier Dysfonctionnementer aus den 1980er Joeren brengen, de’i, wann sie sech dann confime’ieren, den Fonctionnement même vum Staat betreffen.

Aus Respekt virun der Justiz, de’i gottseidank den Cap behällt an sech nëtt beandrocken le‘isst vum Tsunami aus deenen villen, verschiddensten an zum Deel ënnereneen contradiktorëschen Theorien de’i d’Defense säit Wochen matt praktësch obsessivem Acharnement an seng Richtung geschleidert huet, huet hien den Choix vun der Disketio’un gemaach.

 

Et wor ze erwaarden, daat den  « volet Geiben »  –à tort ou à raison- an dësem Prozess eng gro’uss Plaatz ge’if anhuelen.

Daat d’Defense Pisten nogeet deenen nie nogaangen go’uf, daat sie Froen stellt de’i kënnen derange’ieren , an de’i, ewe’i am Fall vum Ben Geiben, och op säin perse’inlecht Liewen iwwerschwappen, an dann irgend eng Ke’ier op mäint, ech sin deen e’ischten deen daat versteet an accepte’iert.

Daat d’Defense eng onwahrscheinlech Accumulatio’un vun Pannen an Ongereimtheeten denonce’iert, daat sie versicht Liicht an eventuell militär-politësch Ramificatio’unen ze brëngen, de’i villäicht eng Justificatio’un an der Zäit vum Kaalen Krich konnten hun mee de’i haut absolut scandale’is schengen, daat sie mam Fanger op den totalen Amateurismus weist, op d’Inkompetenz an den regelrechten m‘en-foutisme de’i d’Enquete zu där Zäit characterise’iert huet – ech applaude’ieren mat deenen zwo’u Hänn.

 

En revanche, an trotz dem Fait daat de’i zwee Inculpe’iert selwer ausgesoot hun daat sie nëtt un eng Implicatio’un vum Ben Geiben an dëser Affaire gleewen, wann den Acharnement vun der Defense zur Obsessio’un ausart de’i keen aanert Ziel schengt ze hun ewe’i engem Mann säin Numm, seng E’ier an säin Image an der Öffentlechkeet duerch den Dreck ze schleefen, wann de’i deeg‘lech Interventio’unen, sief et um Geriicht, sief et virun den Camera’en, ëmmer an ëmmer erëm zu engem Lynchage fe’ieren, matt, à la clé, d’Annonce «fir geschwënn» vun neien an nach me’i « schlëmmen » Revelatio’unen, wann de’i abstrust Theorien all Daag op een neits gestreet gin, dann kann een sech froen op daat Ganzt der Justice (mat engem « J »majuscule) soll dengen oder nëmmen just dem perse’inlëchen ‘moi je, moi je’ vun sengem Auteur (an deem Fall wuelbemierkt mat engem « j »-minuscule).

 

Säit baal 27 Joer hun ech mech selwer nëtt wirkelech vun där ganzer Affaire concerne’iert gefillt. Sie war eben just „do“, ass vun Zäit zu Zäit aus der Versenkung opgetaucht, fir sech dann no kuerzer Zäit erëm ze dissipe’ieren o’uni awer je total ze verschwannen. No deem Delirium vun deenen läschten Deeg an Wochen, wo’u ech dann och elo des öfteren genannt go’uf an als Anticipatio’un op d’Sessio’un vum 29 Abrëll wo’u meng Aussoen vun mëtt der 2000 Joeren decortike’iert sollen gin, halen ech drop, kuerz meng perse’inlech Visio’un vun deenen wichtegsten Punkten ze gin. Am Vergläich zu deenen gro’ussen Verschwörungstheorien ass daat villäicht total onspektakulär, ech sin awer sëcher daat et op allen Fall wäit me’i realistesch ass an nëtt op eso’u eng penibel Art an Weis matt den Ho‘er erbäigezunn.

 

Et besteet à priori keen Grond daat ech vum Geriicht sollt convoqu’eiert gin fir am Cader vun dësem Prozess auszesoen. Ech fannen trotzdem daat een Silence mengersäits mëttlerweil enger Cautio’un fir d’Theorien vun der Defense gläich ke’im an enger Trahiso‘un vis-à-vis vum Ben Geiben.

______

Et wor am Summer 1983 no enger Reih vun Evenemener we’i eis Relatio’un me’i solid gin ass an den Ufank wor fir eppes me’i Stabiles.

Haat de’i Relati’oun awer schon virum Summer 1983 ugefaang ? Jo – An virum Abrëll 1983, also virun mengen 18 Joer ? – Ebenfalls.

Haat den Ben Geiben mech an eppes « erangezun » ?  - Nee, en fait ech wor deen deen den e’ischten Schrëtt gemaach haat.

Wor de’i Relatio’un je fir mech eng Source d’angoisse, sin ech jemols ënner Drock gesaat gin, hun ech mech je als Victime gesin ? – Nee.

Ech beto’unen expressément daat ech deen gre’issten Respekt virun Leit hun de’i als Kand missbraucht go’ufen an villâicht een Liewen laang brauchen vir doriwwer eweg ze kommen, mee ech selwer sin ganz einfch Liichtjoeren vun eso’u enger Situatio’un entfernt, och wann d’Defense zu dem Thema côute que côute wëllt hiren onverdaulechen Cocktail zesummenmixen.

Ass deen Sujet dowärt an aller Öffentlechkeet ausgebreed ze gin ? Nee, ganz sëcher nëtt. An ech hätt 1000 Mol le’iwer gehaat wann daat och eso’u respekte’iert gin wir, mee bon, et gëtt Leit op der Welt de’i wäit Schlëmmeres ausgesaat sin.

Ass daat also eppes waat am Prinzip nëmmen zwee Leit betrëfft an de’i aner eigentlech näischt ugeet ? Dovun sinn ech iwwerzeegt mee eso’u ewe’i de’i Saach mëttlerweil opgebauscht go’uf an praktesch sämtlech Limiten um Niveau vun elementairer Decence gesprengt sin, zei‘en ech et fir, selver eppes ze ënnerhuelen ewe’i d’Defense hier Theorien wieder brode’ieren ze loossen während ech mech ge’if begnügen irgendwe’i op een hypotetëschen Retour à la normale ze waarden.

______

Den Ben Geiben huet am Hiescht 1984 vun der Gendarmerie demissione’iert, ënner anerem we’inst eiser Relatio’un. Et wor ganz einfach evident daat säin Professionellt- an säin Privatliewen op Dauer inkompatibel ge’ifen gin. Hien haat fir een Managerposten am Hotel InterContinental, deen demols sollt opmaachen, kandide’iert an deen och kritt.  Ech kann mech nëtt erënneren daat et zu där Zäit irgendeen Rummel iwwert eng suppose’iert Homosexualite’it gin hätt an schon guer nëtt iwwert eis suppose’iert oder bekannt Relatio’un – be‘ides woren et absolut nëtt. Au contraire: all Kommentairen woren, ewe’i deemols üblech, ausschliesslech positiv, fir nëtt ze soen flatteur, allgemeng huet eng gewëssen Incompréhension virgeherrscht an vereenzelt go’uf et eso’uguer Regret’en fir waat ewe’i een formidablen Gachis ausgesinn huet.

 

Et wor ere’ischt nodeems seng Demissio’un bekannt go’uf daat hien vum Patron vun engem Restaurant an der Avenue Monterrey aborde’iert go’uf deem säin Cousin den Fondateur an Chef vun Monitor zu Bre’issel wor. Hien huet eigendlech do innerhalb vun enger Woch eng alternativ Offe d’Emploi accepte’iert well schlussendlech huet d’Meiglechkeet fir zu Bre’issel an enger Secherheetsfirma seng Carrière nei ze oriente’ieren zwee gro’uss Virdeeler mat sech bruecht:

a)      Hien ass an engem Domaine bliwwen wo’u hien Spezialist wor (contrairement zum Hotelbusiness)

b)      Hien konnt aus dem lëtzebuergeschen Microkosmos erauskommen, waat an der Optik fir eng relativ Diskretio’un betreffend säin Privatli’ewen ze erhaalen, ganz sëcher nëmmen positiv wor. 

Haut am Nachhinein ze behaapten daat eis Relatio’un Staad an Land bekannt gewiescht wär ass nëtt nëmmen eng total Aberratio’un mee eng regelrecht Li‘gen.

Bis zu menger Première am Summer 1986 wor ech am Lycée an hun bei mengen Elteren geli’eft. Homosexualite’it wor een absoluten Tabu an par conséquent huet meng alldeeglëch Obsessio’un doran bestaan daat geheim ze haalen vis-à-vis vun mengen Elteren (Niveau 1), deenen aaneren vun menger Famill, (Niveau 2) ewe’i mäin Scho’ul-Environnement (Niveau 3).

Wann ech also haut he’ieren daat deen Sujet praktesch eng Affaire d’Etat sollt gewi‘escht sin, de surcroit an aller Öffentlechkeet bekannt (also ëm den Niveau 10 oder 20 huelen ech un??), kann ech nëmmen staunen well we’i wir et me’igelech eso’u Sommet‘en ze duerchbriechen wann meng –eis- eenzeg Suerg doran bestaanen haat op keen Fall och nëmmen den Niveau 1 ze erreechen.

_______

Wärend deenen zwee Joer wo’u den Ben Geiben zu Bre’issel gewunnt huet an ech nach zu Lëtzebuerg, hun mir eis een Week-end vun zwee zu Bre’issel an deen aaneren, zu Lëtzebuerg getraff.

Well während där Zäit och d’Attentater stadtfonnt hun, ass et durchaus nëtt verwonnerlech daat eenzel Datumer vun senger Präsenz zu Lëtzebuerg sech matt eenzelen Datumer vun Attentater konnten iwwerschneiden.   

_______

Et ass villäicht nëtzlech op deser Stell ze prezise’ieren we’i et me’igeleg wor daat mir zesummen woren an daat Ganzt awer zur gläicher Zäit vis a vis vun mengen Elteren geheim konnt bleiwen.  Duerch säin Mariage mat menger Schwester wor den Ben Geiben vun Mëtt der 1970er Joren un een Deel vun eiser Famill.

Meng Mamm haat de’i ongehei’er Fähegkeet nëmmen daat ze gesinn waat sie wollt gesinn an behaarlëch daat auszeblenden waat sie eben nëtt wollt gesinn an mein Papp wor nëtt deen Typ deen seng Gedanken gro’us ausgebreed hätt. Daat wor eben alles eso’u an eso’u laang ewe’i nëtt iwwert Saachen geschwaat go’uf de’i hätten kënnen zu irgendenger Polemik ausarten, huet et sie dann ganz einfach nëtt ginn. Daat kann haut an fir Aussenstehender bizarr schëngen mee daat wor eben d’ganz „normal“ Situatio’un an enger ganz „normaler“ lëtzebuergescher Famill Mëtt der 1980er Joeren.

________

Wärend deem mëttlerweils berühmten Week-end am Oktober 1985 wo’u d’Attentat op d’Geriicht wor, wor den Ben Geiben zu Lëtzebuerg. Ech konnt mech nëtt me’i dorun erënneren daat mir „Um Plateau“ gi‘ess haaten – mee noo denen rezenten Revelatio‘unen iwwert seng Visa-Auszich ass daat dann erëm gewosst. Ech kann mech awer nach ganz genee erënneren daat mir me’i spe’it owes an der Zëmmer vum Holiday Inn woren an daat et dunn op een Mol geknuppt huet daat d’Fënsteren gewackelt hun.  Well ech zu där Zäit nach keng Ahnung daat den Ben Geiben e’ischten Verdächtegungen ausgessat wor an op der anerer Säit  ganz opgereegt wor do een Evenement live mat ze erliewen, hun ech eso’uguer virgeschloen, mir sollten um Wee wann hien mech  op den Belair heem ge’if fe‘ieren, an der Staat laanscht fueren fir ze kucken waat geschitt wor. Well op der He’icht vun der Gro’ussgaass alles oofgespaart wor, huet hien mech dunn doheem oofgessat o’uni daat mir eraus fond haaten em waat et dann elo gaangen wor.

_______

E puer Wochen me’i spe’it haat eng vun mengen Schwesteren mir eng Ke’ier hallef am laachen gesoot op ech schon daat allerneist we’isst : am Basket ge’if erzielt den Ben Geiben wir den Bommenlee’er. Ech hun daat sur le moment genau eso’u witzeg fond a mir weider näischt dobäi geduecht.

Ufanks Dezember dunn, we’i mir um Bazar International woren an den Ben Geiben eenzelenen Ex-Kollegen de’i d’Grande Duchesse Joséphine Charlotte begleet hun, Bonjour soot an een vun hinnen an engem ironeschen To’un gefroot huet: „an dir traut Iech nach op Lëtzebuerg ze kommen, no allem waat iwwert Iech gesoot gëtt“, hun  ech realise’iert daat et manifestement nëtt just eng Rumeur wor de’i sech op den Baskettsmillieu limite’iert huet.

 

Et wor eigendlech vun deem Moment un, wo’u d’Bommelee’eraffair ugefaang huet sech an eist Liewen eran ze schläichen fir eis och nie me’i wirklech lass ze loossen.

________

Et muss eso’u ëm 2004/05 gewi’escht sin, we’i den Ben Geiben vun enger Auslandsrees erëm ko’um an mir gesoot huet daat een Enqueteur vun Lëtzebuerg him ugeruff haat well  d’Enquete iwwert den « Bommelee’er » erëm vun 0 opgerullt ge’if.  Et wor och kuerz no där Zäit we‘i ech fir de’i e’ischt an eenzeg Ke’ier verhe’iert go’uf. Den Interrogatoire ass absolut correct an serein verlaaf, eis Relatio’un wor ganz offensichtlech bekannt mee go’uf mat gro’usser Delikatesse aborde’iert. Eso‘u delikat daat we’i ech meng Deklaratio’un nach eng Ke’ier iwwerlies hun, ass den Fait daat den Ben Geiben während der Breisseler- an Attentatszäit all 14 Deeg op Lëtzebuerg ko’um praktesch eriwwer komm am Genre: hien huet sech jo nach gudd matt der Famill vun senger Ex-Fra verstaan an dofir ass hien all 14 Deeg Samsdes Mëttes bei sie iessen gaang.

Well daat mir awer en bëssen ze vague geschengt huet–an een do alles an näischt hätt kënnen eran interprete’ieren, hun ech mech gezwongen gefillt –fir d’e’ischten Ke’ier iwwerhaapt- d’Saach eso’u ze soen we’i sie wor : hien ass op Letzebuerg komm well mir eng homosexuell Relatio’un zesummen haaten.  Den Enqueteur huet mech nach gefroot op ech daat och wirkelech eso’u explizit willt geschriwwen hun an ech hun gesoot daat, dans la mesure wo’u daat jo nëtt offziell ge’if affiche’iert gin, ech weider keen Problem domatt hätt.

Ech kruut och versëchert daat nëmmen d’Enqueteuren an d’Juge d’instruction Access un den Dossier hätten.

Eso’uguer Mëtt vun den Joeren 2000 wor eis Relatio’un also nach an kengster Weis een öffentlecht Thema, an op guer keen Fall eso’u breedgetrëppelt we’i daat haut den Fall ass.

________

Et wor nodeems den Ben Geiben zwee Journalisten vun RTL zu Levallois Perret een Interview gin haat, wo’u hien mir zu menger gro’usser Iwerraschung gesoot huet daat sie wahrscheinlech sämtlech Compte Rendu’en mussten geli’ess hun well sie iwwer „alles“ Bescheed wossten: iwwert seng Aussoen virun den Enqueteuren an och iwwert meng.

An et wor och ere’ischt vun do un, wo’u d‘Thema Homosexualite’it fir d’e’ischt lues an lues an dunn ëmmer me’i agressiv an sensationell an allen me’igelechen Formen öffentlech verbreed go’uf an virun allem och retro-activ benotzt go’uf.

_______

 

Et ass bestëmmt ziemlech eenzëgaarteg daat een Prozess standfënnt wo’u een einfachen Zei’en zu engem vun den haapt Centre d’intérêt avance’iert.  Et ass ebenfalls iwwerraschend ze gesinn daat den Demontage à tout prix –et à petit feu – vun deem selwechten Zei’en een vun den Haaptaxen vum gesamten Argumentaire vun der Defense schëngt ze sin.

Ech wees nëtt waat do de‘i gro’us Motiver kënnen sin mee ech bezweifelen awer ganz staark daat et « d’Wouerecht » (mat « W »majuscule ! ) ass, de’i um Enn vun eso’u engem tristen Parcours steet.

 

Waat mëch betrëfft, hun ech ganz einfach nëtt me’i wëlles der Defense d’Initiativ ze iwwerloosen fir all 24 Stonnen hir schmiereg Insinuatio’unen ze dstille’ieren an teilnamslos no ze kucken we’i sie matt derarteger Method an Acharnement versicht een Mann ze demole’ieren deen säit 30 Joer nëmmen eng Saach freet : mat dem ganzen Zirkus an Ro’u geloss ze ginn an dat opgehaalen gëtt him virzewerfen daat aanerer eso’u manifestement an eso’u lamentablement échoue’iert hun deen oder de’i wirklech Täter ze fannen.

Es reicht!

 

Pit Spielmann

29 Abrëll 2013

Geiben-Liewenspartner: Alibi fir Attentat op Geriicht 1985
De fréiere Chef vun der brigade mobile, de Ben Geiben, huet en Alibi fir d'Bommenattentat um Geriicht Enn Oktober 1985.