Bommeleeër-Prozess: Juncker a Frieden de 15. Mee?

© Alain Lamesch
Op Grond vun enger neier Zeienausso schéngen sech d'Aussoe vum Zeien Ted Wormeringer iwwert de Ben Geiben net ze confirméieren!
Um Ufank vun der Sëtzung vun e Méindeg huet d'Presidentin vum Geriicht erkläert, dass d'iwwerschaffte Lëscht vun den Zeien, déi an den nächsten Deeg a Woche solle gehéiert ginn, en Dënschdeg soll virgeluecht ginn.
Et gesäit dono aus, wéi wann z.B. de Premier Jean-Claude Juncker an de Minister Luc Frieden de 15. Mee dru kéimen.
Doropshi sot de Policeenquêteur Carlo Klein, dass sech op Grond vun enger neier Zeienausso d'Aussoe vum Zeien Ted Wormeringer iwwert de Ben Geiben net schéngen ze confirméieren!
Den Ted Wormeringer hat jo behaapt, de Ben Geiben hätt sech him vis-à-vis am Buttek als Bommeleeër z'erkenne ginn, wat de Ben Geiben awer kategoresch negéiert huet.
Dat huet d'Riichterin Sylvie Conter dozou beweegt, de Parquet ze froen, ob dee wéilt Plainte wéinst Faux témoignage géint den Ted Wormeringer maachen; fir de Procureur Georges Oswald wëll de Parquet à tête reposée doriwwer nodenken!
De fréieren zweete Mann aus der Brigade mobile, de Jos Steil, dee konnt net méi richteg verhéiert ginn, well hien 2004 ze vill krank war. Dat sot den Enquêteur Carlo Klein am Bommeleeër-Prozess. Wéint der Krankheet konnt de Jos Steil och net mat verschiddene verdächtegen Attitude konfrontéiert ginn, déi hien hat, wéi d’ Bomm um Geriicht Enn Oktober 1985 explodéiert ass – wéi säi fréiere Chef Ben Geiben am Land war. Ëm deem Ben Geiben seng Aussoen goung et jo an der Sëtzung, ouni weider Surprisen. Den Defense-Affekot Gaston Vogel hätt awer gäre vill méi gewosst iwwer dem Ben Geiben seng Openthalter beim FBI an am Pentagon an den USA.
Par ailleurs huet de Maître Vogel appeléiert, him keng anonym Bréiwer iwwer d’ Bommeleeër méi ze schécken; wien eppes ze soen hätt, dee sollt dat mat sengem Numm signéieren oder et sinn loossen.