Bommeleeër-Prozess: Déi nächst Woch ass Paus!

D'Riichteren hunn e Dënschdeg decidéiert, dass déi nächst Woch Paus ass an d'Police judiciaire d'Classeure vum SREL zu Stay behind matkritt.
Theatercoup, den Dënschdeg de Mëtten, um Geriicht an der Stad: D'Presidentin Sylvie Conter huet um Ufank vun der Sëtzung vum Bommeleeër-Prozess matgedeelt, zwou Këschte mat am Ganze 7 Classeuren iwwer SREL-Informatiounen zu "Stay behind" kritt ze hunn.
Doropshin huet de Me Vogel erkläert, dass d'Verteidegung dës néideg Infoen ni gesinn hätt; hien huet dofir eng Paus vun 3 Woche vum, Zitat, "surrealistesche Prozess" gefrot a vun engem weidere Skandal geschwat!
De Procureur Georges Oswald huet betount, och net éischter dovu gewuer ginn ze sinn. D'Dokumenter wären der, déi eréischt viru Kuerzem deklassifiéiert goufen, a si géifen de ganzen Archiv "Stay behind" vum SREL duerstellen. Et wären all d'Dokumenter, déi de Geheimdingscht hätt, mat 3 Ausnamen, dorënner der Lëscht mat den Nimm vun de "Stay behind"-Leit!
De Vertrieder vum Parquet gesäit et och als Problem un, dass elo Leit sollen zu "Stay behind" gehéiert ginn; fir d'Analys vun den Dokumenter wären och net onbedéngt 3 Woche Paus noutwendeg.
De Me Vogel huet nach ze bedenke ginn, dass de SREL-Direkter Patrick Heck net ze decidéieren hätt, wat d'Affekoten interesséiert, an huet sech fir eng Suspensioun vum Prozess vun zwou Wochen ausgesprach!
Doropshi gouf d'Sëtzung ënnerbrach, fir dass d'Riichteren eng Decisioun kënnen huelen. Si hu sech fir eng Paus vun enger Woch entscheet.
Déi nächst Woch gëtt de Prozess also ausgesat.