Faarweg Foto vum Manöver Oesling84 am Jeudi

De Jeudi huet dës Foto publizéiert, mat den Nimm vun de Leit déi een drop erkenne kann. Et wieren dat vu lénks no riets: De Mike Grégoire (Ënneroffizéier mam schwaarze Béret), X, de Serge Tintinger, de "Vulli", X, de Kremer. Stoend an Zivil gesäit een de Paul Huberty (Lieutenant vun der Lëtzebuerger Arméi). Ganz riets 2 Offizéier vun der amerikanescher Arméi an den Dokter vu de Special Forces. Tëscht den 2 Reien, hallef an den Huppen gesäit een den Alain Schmitz.
Foto vum Manöver Oesling84: Wien d'Lëtzebuerger Zaldoten waren a wat si zesummen mat den amerikaneschen Truppen geübt hunn, ass am Jeudi nozeliesen.
D'lescht Woch war am Kader vum Bommeleeërprozess iwwert eng Foto Rieds gaangen, déi d'Equipe weist, déi beim Manöver Oesling84 dobäi waren. Op där Foto sinn esouwuel Lëtzebuerger Zaldoten, wéi och amerikanesch Spezialtruppen ze gesinn.
Nodeem anscheinend och sollen 2 Leit vum SREL op där Foto detektéiert gi sinn, goufen et Dementien iwwert des Identitéiten, déi an d'Relatioun mam Stay Behind-Reseau gesat gi waren.
An der Wochenzeitung „Jeudi“ ass eng faarweg Foto vum Manöver deemols ze gesinn, déi op engem Haff zu Wahl opgeholl gouf.
Wien d'Lëtzebuerger Zaldoten waren a wat si zesummen mat den amerikaneschen Truppen geübt hunn, ass um Donneschdeg am Jeudi nozeliesen.
Et geet ëm Infiltratioun, d'Sécheren vun Informatiounen an Sabotage-Aktiounen.