Den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer, de Me Vogel, sot um Donneschdeg, dass hie kee Vertrauen an d'Policeenquêteuren hätt, déi nei Zeien héiere géifen.

Um Ufank vun der Sëtzung vum Donneschdeg am Bommeleeër-Prozess huet de Me Vogel erkläert, hien hätt vun de fréiere SREL-Leit André a Fränk Schneider déi falsch Nimm kritt vu Leit, déi op enger Foto vum Manöver Oesling 84 waren. De Jeudi huet déi Foto jo en Donneschdeg, 2. Mee a gudder Qualitéit a faarweg bruecht.

Op deeër Foto si wuel amerikanesch "special forces" awer keng Geheimdéngschtleit drop; dat war awer am Prozess vun der Defense gesot ginn. De Maître Vogel huet dowéinst seng Informante genannt ...

AUDIO: De Me Vogel iwwert eng Fotoe a seng Informanten

Déi fréier SREL-Leit André Kemmer a Frank Schneider sinn jo och als Zeien am Prozess geruff.

Donieft sot den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer, dass hie kee Vertrauen an d'Policeenquêteuren hätt, déi nei Zeien héiere géifen, an dass hien dovun iwwerzeegt wär, dass de SREL-Chef Patrick Heck d'Haaptinformatioune vum Geheimdéngscht zu Stay behind zréckhält!

De Policeenquêteur Joel Scheuer huet doropshin deklaréiert, hie wär déi Stay-behind-Informatioune vum SREL kuerz duerchgaangen a kéint fir muer 8 Deeg e Rapport dozou virleeën.

De Joel Scheuer huet doriwwer eraus ervirgehuewen, dass et zu 7 Attentater keng kriminaltechnesch Enquête gouf oder Rapporten dozou verschwonne sinn!

No der Sëtzungspaus huet sech d'Me Lorang driwwer opgereegt, dass Verbatime vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun Geheimdéngscht, déi den eenzelne Parteie virleien, zum Deel geschwäerzt sinn; dat fënnt d'Affekotin vum Ugeklote Jos Wilmes net an der Rei! Fir d'Riichterin Sylvie Conter kéinten d'Affekoten déi entspriechend Zeien dozou froen; an deenen Dokumenter stéing och net dran, ween d'Bommeleeër waren!

Zu Izeg hat et gläich zweemol geknuppt. Eng éischte Kéier bei engem Pylône a 40 Minutten drop huet et matzen am Feld geknuppt, e klenge Knuppert war dat, fir d’ Beamten ze erféieren, vun deenen der jo eng etlech no der éischter Explosioun op der Plaz waren, méi genee eng 7, vun deenen awer nëmme 4 Nimm bekannt sinn. Et ass haut net däitlech gesot ginn: dat hei: deen zweete Knuppert vun Izeg, an der Däischtert, matzen ënner Gendarmen, 70 Meter vum éischten Tatort ewech, deen zweete Knuppert muss vun engem culottéierten Insider, vun engem aus de Forces de l’ordre geworf gi sinn, dee keng Angscht hat vu Kollegen gesinn ze ginn, well hien eben ee vun hinne war. Et ass e weideren vun de sëllechen Indicen fir d’Insider-Pist am Bommeleeër-Dossier. D’ Kollegen ridiculiséieren – dat zitt sech jo wéi e roude Fuedem derduerch. A nach e weidere roude Fuedem : den totale Chaos um Tatort, en immens grousst Feld, stackdäischter, Täscheluchten hott an har – an duerno eng quasi onméiglech Spuresécherung.

Um Donneschdeg ass vill geschwat ginn vun Zündkapselen, Luxite, Dynamit, Pyrotechnek, Auerweckeren a soss Batterien – jee, de ganzen techneschen Bommeleeër-Arsenal, alt erëm och mam Hiweis an der Gendarmerie wieren déi richteg spezialiséiert Brochuren gewierscht, déi en Täter hätt kënne benotzen fir seng Formatioun, spezialiséiert Insider-Wëssen also. Zum Beispill och dat, wou een iwwerhaapt Sprengstoff klaue konnt.

Bommeleeër-Prozess: Defense mësstraut Enquêteuren
Den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer, de Me Vogel, sot um Donneschdeg, dass hie kee Vertrauen an d'Policeenquêteuren hätt, déi nei Zeien héiere géifen.