Net nëmme Geheimdéngscht-Agenten kréie Primme vum SREL

De SREL-Direkter Patrick Heck
Nom 100,7 kënnt d'Land an engem Artikel drop ze schwätzen, dass Fonctionnaire Primme kréie well se de juristeschen a finanzielle Contrôle vum SREL maachen.
Et kënnt een zréck op Aussoen, déi de SREL-Direkter Patrick Heck virun der Chamber-Enquête-Kommissioun zu deem Sujet gemeet huet, a wou bekannt gouf, datt et net nëmme Geheimdéngscht-Agenten sinn, déi dës Primmen kréien, ma och 4 oder 5 aner Fonctionnairen.
Am Land Artikel geet dann vum President vum Fonds Kirchberg Patrick Gillen an dem Adjoint vum Generalsekretär vum Regierungsrot Luc Feller Rieds – allebéid Leit, déi och Primmen via de SREL iwwerwise géife kréien.
D'SREL-Gesetz aus dem Joer 2004 plafonnéiert des Indemnitéiten op eng 1.600 EURO de Mount.
Ausser dem Montant vun de Primmen gëtt sech am LAND-Artikel d'Fro iwwert d'Onofhängechkeet vun de SREL-Kontrollere gestallt.
Och d'onduerchsichteg Aart a Weis wéi d'Primmen, déi a sech fir d'SREL-Agenten reservéiert sinn, attribuéiert a festgeluecht ginn, géif der Land-Journalistin no ze denke ginn...dës Attributioun géif dann och eenzeg an alleng dem Staatsminister selwer zoufalen.
Interessant och d'Notiz am Artikel vun der Wochenzeitung, datt Aussoe vum fréiere SREL-Mann Frank Schneider no e Stock vu Gold an den Tresoren vum Geheimdéngscht stokéiert gëtt – dat Gold, dat nach aus den Zäite vum Kale Krich stamt, gëtt dann och all Joer iwwerpréift a soll sech op eng Valeur vu ronn enger Millioun EURO chiffréieren.