En Dënschdeg den Owend tëscht 19h20 an 20h war an der renomméierter Emissioun "Kulturzeit" op 3sat e Reportage iwwert de Bommeleeër-Prozess ze gesinn.

Op Grond vun de leschten Entwécklungen am Bommeleeër-Prozess war en Dënschdegowend schonn e Reportage doriwwer an der renomméierter Emissioun „Kulturzeit“ op 3sat ze gesinn: U sech sollt deen e Mëttwoch eréischt gewise ginn! E Journalist an e Kameramann, déi fir déi däitsch Televisiounschaîne schaffen, haten d’virlescht Woch den Ofschloss vun der 7. Prozesswoch suivéiert.

Hei am Land waren déi zwee ë.a. op verschidde Plaze vun Attentater vun de Bommeleeër filmen. An deem Kontext hat de Journalist och mam Me Vogel a mam Kolleg Marc Thoma geschwat.