De Premier Jean-Claude Juncker gouf um Dënschdeg eng zweete Kéier vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gehéiert.

Déi ganz éischt Stonn bis 15 Auer iwwer hu sech quasi all d'Froen ëm d'Tatsaach gedréit, ob de Jean-Claude Juncker wousst, datt de fréiere Chef vun der Cour des Comptes, Gérard Reuter, an enger Wunneng gelieft huet, vun där de SREL de Loyer bezuelt hat.

AUDIO: De Jean-Claude Juncker iwwert de Loyer vum Här Reuter

Nee, dat wosst ech net, huet de Premier ëmmer nees widderholl, mä wéi en et bis gewuer gouf, hätt hien dem deemoolgen Direkter vum Geheimdéngscht Marco Mille den Uerder ginn, direkt mat der Praxis opzehalen. Duerno hätt hien awer net méi nogefrot, ob deen Uerder och direkt exekutéiert gouf.

Juncker an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht
Um Dënschdeg, 7. Mee war de Premier geruff.

An der zweeter Stonn ass dunn iwwer de Stay behind diskutéiert ginn. De Premier sot am faméise Briefing 2006, wou d'SREL-Leit him an dem Justizminister Luc Frieden d'Pist Stay behind am Bommeleeër-Dossier explizéiert hätten, do wier näischt Konkretes zur Sprooch komm. Dat wieren nëmmen abstrakt Theorie gewiescht a keng belaaschtbar Informatiounen.

Enquêtekommissioun: "Wousst näischt vu Loyer", sou Premier
De Premier Jean-Claude Juncker gouf um Dënschdeg eng zweete Kéier vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gehéiert.

Politesch Reaktiounen

Onzefridden, net méi schlau ewéi virdrun, nach laang net alles opgeschafft, dat sinn e puer vun den Téin vun der Oppositioun, déi no der Auditioun vum Premier ze héiere waren.

Ech si schrecklech onzefridden mat deem, wat et haut un Äntwerte gouf, sot de François Bausch vun déi Gréng, an ee Gesamtbild wier nach net méiglech. Et wéisst een no der Auditioun net méi ewéi virdrun, mä en hätt sech och net méi erwaart, esou de Gast Gyerien vun der ADR. An do misst d'Kommissioun sech elo iwwerleeën, wéi een do ee glafwierdegt Resultat kéint eraus këddelen.

AUDIO: De François Bausch

Eens ware sech d'Membere vun der Kommissioun, datt et dréngend néideg ass, datt de fréiere Chef vum SREL, Marco Mille nach emol gehéiert gëtt. Fir op d'Reform vum Geheimdéngscht an ze goen, war keng Zäit méi bliwwe, och dat ass fir eng nächst Sitzung.

AUDIO: De Reportage vum Nico Graf (07/05/2013 - 18h00)
Premier an der SREL-Enquêtekommissioun: Réactiounen
Och no der Auditioun vum Jean-Claude Juncker bleiwen nach vill Froen op.