No enger Woch Paus ass et haut d'Suite am Bommeleeër-Prozess

De Prozess war 1 Woch laang suspendéiert ginn, nodeems de SREL-Direkter deklasséiert Dokumenter iwwert de Stay behind Reseau un de Parquet weiderginn hat.
No der Ënnerbriechung dierft et um Méindeg mam technesche Volet weidergoen, woubäi et den Enquêteur Joel Scheuer ass, deen Explikatiounen driwwer ginn huet, wéi d'Bommen zesummegesat waren an wéi se gezünt goufen.
Den neien CSV-Fraktiounschef Gilles Roth ass iwwerdeem der Meenung, datt de Stay behind Reseau näischt mat der Serie vu Bommen-Attentater ze dinn hätt.
Wéi den CSV-Deputéierten et an engem Interview seet, dat e Méindegmueren am Wort publizéiert gëtt, wier et däitlech ginn, datt näischt un esou Reprochen drun ass, nodeems de Staatsminister 2x bis ewell virun der Enquête-Kommissioun vun der Chamber gehéiert gouf.
Weider bedauert et de Gilles Roth, datt de Premier zanter engem hallwe Joer duerch d'SREL-Affäire dru gehënnert gëtt, seng Charge d'Regierungsgeschäfter ze koordinéieren z'erfëllen.