Bommeleeër: 2 Deeg Paus, dann Uerteel iwwer Defense-Rechter

© RTL (Archivbild)
Um Dënschdeg an um Mëttwoch si keng Sëtzungen am Prozess. En Donneschdeg wëllt d'Geriicht en Uerteel ginn iwwert d'Rechter vun der Defense.
Um Ufank vum 32. Dag vum Bommeleeër-Prozess huet de Me Vogel, Affekot vum Ugeklote Marc Scheer, um Méindeg de Mëtte 5 Konklusioune presentéiert, ë.a. zu de rezente vum Geheimdéngscht deklassifizéierten Informatiounen iwwer Stay behind. Z.B. sollte Säiten, déi net ze liese sinn, liesbar gemaach ginn, an et sollt eng Enquête gemaach ginn iwwert déi jéngst Informatiounen, dass Leit vum SREL am Ausland Sprengstoff-Course suivéiert hunn.
Nei Enquête iwwer Stay behind gefuerdert
Donieft huet de Me Vogel bedauert, dass d'Polizisten, wat den Zeien Andreas Kramer ugeet, eng parteiesch Enquête duerchgefouert hätten, a gefuerdert, dass d'Geriicht eng nei Enquête iwwer Stay behind sollt ordonnéieren an de Prozess bis op Weideres sollt ausgesat ginn!
Op déi Ausféierungen huet de Procureur Georges Oswald ë.a. geäntwert, dass hien e Courrier un de SREL-Chef Patrick Heck geschéckt huet, wat déi onliesbar Säite betrëfft; en Deel dovun hätt hien och schonn a lieserlecher Form kritt.
Dat huet d'Roserei vun den Affekoten ervirgeruff, well déi dës Piècen nach net kruten!
Parquet: Kramer-Aussoen hifälleg
De Vertrieder vum Parquet huet nach ze bedenke ginn, dass d'Aussoe vum Zeie Kramer net hifälleg wären, dass weider Zeie vum SREL sollte gehéiert ginn an dass de Prozess net sollt ausgesat ginn!
Doropshin huet de Me Vogel en Dokument virgeluecht, aus deem kloer ervirgéing, dass d'Manöver Oesling 84 mat Stay behind ze dinn hat!
Debatt iwwert d'Rechter vun der Defense
No enger Sëtzungspaus huet de Me Vogel nach eng weider Konklusioun virgeluecht, an zwar huet den Affekot vum Marc Scheer en direkt Uerteel gefrot, an deem iwwert d'Rechter vun der Defense statuéiert gëtt.
D'Geheimdéngscht-Gesetz dierft net iwwert dem Recht stoen, sou de Me Vogel, well sech soss am Prozess SREL-Leit dohannert verstoppe kéinten.
De Procureur Georges Oswald sot dozou, hie wéilt déi Fro éischter en suspens halen, woumat de Me Vogel awer net d’accord war; villméi sollt een dee Problem léisen, ier d'SREL-Leit aussoe kéimen!
Doropshin hu sech d'Riichtere fir eng Decisioun iwwert déi Fro zréckgezunn!
Entscheet gouf, de Prozess 2 Deeg auszesetzen an um Donneschdeg dann en Uerteel an där dote Fro ze presentéieren.
Um Dënschdeg an um Mëttwoch sinn also keng Sëtzungen.