Bommeleeërprozess: Wéi vill Wouerecht dierfe SREL-Leit soen?

Mussen d'Geheimdéngschtleit egal wéi am Bommeleeër-Prozess d'Wouerecht soen an dat wat se wëssen?
Dat ass d'Fro, déi sech zanter e Méindeg an deem Prozess gestallt gëtt an op déi d'Riichterin um Donneschdeg mat engem Uerteel eng Äntwert gi wëll. An eng kloer Äntwert ass net evident.
De Maître Pol Urbany zitéiert emol fir d'éischt d'SREL-Gesetz aus dem Joer 2004. An do steet eben dran, datt d'Beamte vum SREL an administrative a judiciaire Prozeduren keng Informatiounen dierfen erausginn, mat deenen eng Source, eng Nochriichtequell, kéint identifizéiert ginn. Do - beim Geheimdéngscht - änelt de Schutz vun der Source ganz staark deem Quelleschutz, deen och d'Press huet. Fir professionell Spioune gëllt: Et ass hinne verbueden, hir Source ze nennen. Mat enger Exceptioun: Et kann een eng Demande beim President vun der Cour Supérieur de Justice maachen a wa keng Gefor fir d'Persoun oder fir de gudde Fonctionnement vum SREL existéiert, da kann dëst Verbuet opgehuewe ginn. Dat wier an dem Fall vu Faiten aus den 80er Joren eigentlech méiglech.
Et gëtt awer, mengt de Pol Urbany, nach eng weider Spezialitéit. D'Riichterin kann um Donneschdeg wahrscheinlech keng prinzipiell Decisioun huelen. Et misst vu Fall zu Fall gekuckt ginn.
Eng Demande also beim President vun der Cour supérieure de Justice vu Fall zu Fall – dat riskéiert schwéierfälleg a laangwiereg ze ginn, wann do jiddwer SREL-Mann op d'Iddi kënnt, eng Source beschützen ze missen. An eng weider Spezialitéit: et ass net kloer, wien d'Demande bei deem President maache kann oder muss. Vill Jurisprudenz-Neiland also fir d'Geriicht.
Eent awer ass zur Ofwiesselung am Gesetz ganz kloer gekläert: wat Informatiounen aus auslännesche Sourcen ubelaangt, do däerf den Informant op kee Fall genannt ginn. Dat versprécht Kaméidi am Bommeleeër-Prozess, wou jo schonn Amerikaner, Englänner, Belsch, Fransousen an Italiener als Matwësser, Mattäter oder Ustëppeler genannt gi sinn.
No 2 Deeg Paus ass et um Donneschdeg d'Suite am Bommeleeër-Prozess. D'Riichter hunn driwwer decidéiert, op d'Rechter vun der Defense iwwert den Geheimhaltung-Klauselen am SREL-Gesetz stinn oder net. Och geet et ëm d'Asiicht an d'komplett SREL-Dossieren an d'Ausoen, déi eng Dose SREL-Agente solle viru Geriicht maachen, an ob se dann am Kader vum secret des sources solle kënne vun der Schweigeflicht entbonne ginn.
En Tëschenuerteel iwwert dës Punkte gëtt am Nomëtteg erwaart.