Bommeleeër-Prozess: Fro u Verfassungsgeriicht weiderginn

D'Riichter hu sech um Donneschdeg inkompetent erkläert an der Fro, wat priméiert: d'Rechter vun der Defense oder d'Geheimdéngschtgesetz.
Am Bommeleeër-Prozess huet d'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter en Donneschdeg de Mëtten dat mat Spannung erwaartent Uerteel iwwert d'Rechter vun der Defense bekannt ginn.
D'Riichteren hu festgehalen, d'Verfassungsgeriicht mat der Fro ze befaassen, ob déi Rechter iwwer Dispositioune vum Geheimdingscht-Gesetz stinn. Et geet jo ëm d'Fro, ob sech Leit vum SREL hannert deem Gesetz verstoppe kënnen, fir net missen auszesoen.
Dofir gëtt de Prozess op deem Punkt ausgesat, bis d'Cour constitutionnelle doriwwer statuéiert huet; d'Sëtzunge ginn awer weider. Souzesoen dann ouni de Volet "Stay behind".
Reaktioun vun der Defense
De Me Vogel sot sech an enger éischter Reaktioun net onzefridde mam Uerteel, well d'Cour constitutionnelle de schwaarze Péiter kritt. Et wier interessant, datt d'Deputéiert sech mam Gesetz vun 2004 eng Mauer gebaut hunn, fir kënnen z'enquêtéieren. D’Uerteel vun en Donneschdegmëtte fënnt den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer, Zitat, net sou schlecht. Dass et - do war de Me Vogel virsiichteg - wuel net mam Volet Stay behind géif viru goen, bis d’Verfassungsgeriicht en Uerteel gesprach huet, wär genee dat, wat d’Defense gär gehat hätt. Elo kéint dee Volet nämlech méi genee ënnersicht ginn. Ausserdeem misst een een Uerteel iwwer d'Altération de documents publics, dat heescht déi geschwäerzte Passagen an den Dokumenter, déi der Defense virgeluecht goufen.
Fir den Henri Eippers, Spriecher vun der Justiz, war et méi kloer, dass de Prozess viru geet an de Volet Stay behind eréischt dann dru kënnt, wann d’Cour constitutionnelle hir Décisioun geholl huet. Elo géif et mam technesche Volet, mam Volet Insider weidergoen. Parallell zu der Poursuite vum Prozess hëlt sech d’Cour constitutionnelle deemno elo der verfassungsrechtlecher Fro un, déi d’Chambre criminelle um Donneschdeg u si weider geleet huet.