De SREL als Autohändler: Am "Lëtzebuerger Land" geet Rieds vun engem parallele Marché vun Auto-Kaf a Vente vun däitschen Haut-de-Gamme-Autoen.

Esou soll de SREL des BMWen zu engem Präis kaf hunn, wou eng Remise vu bis zu 40% agerechent war, fir se duerno nëmmen zu engem klengen Deel ze notzen a se duerno dann nees via eng Firma weider ze verkafen.

Wéi et de Sourcë vum Land no heescht, wier vun ongeféier enger hallwer Dosen bayresche Luxus-Ween nëmmen ee gebraucht ginn fir z.B. Filaturen duerch ze féieren, déi aner wiere privat verkaf ginn, dat zum gréissten Deel un héich Fonctionnairen, déi Meescht dovunner an England.

Offiziell hätt de SREL wësse geloos, datt ee regelméisseg misst däer Déngschtween kafen, well se dacks missten changéiert ginn, am Fall, wou e Won reperéiert gi wier an en da misst ofgestouss ginn.

D'Fro stellt sech dem Land no, op dann effektif all d'Bonië vun dëse privaten Autos-Verkeef an d'Keese vum Geheimdengscht koumen oder an aneren Täsche gelant sinn. Rieds geet vun engem regelrechte Paralell-Marché, deen duerch d'Autos-Venten opgebaut gi wier.

D'Dysfonctionnementer iwwert d'Weiderverkafe vun den däitsche Luxus-Ween ware bekannt a goufen och dem Staatsminister via deem säi fréiere Chauffer Roger Mandé reportéiert, dee jo am SREL integréiert war. D'Affaire ass awer just um Niveau vun enger Enquête Disciplinaire bliwwen, den Agent dee mat de Venten ze dinn hat, gouf no längeren Diskussioune versat.

Och d'Membere vun der Chamber-Enquête-Kommissioun goufen iwwert den Handel mat SREL-Autoen informéiert. Do wieren dem Land no dës Prozeduren awer banaliséiert an als net-exceptionnel duergestallt ginn.