Et gëtt donieft awer keng kloer Erkenntnisser doriwwer, dass de Papp Kramer fir den däitsche Geheimdéngscht geschafft huet.

Am Bommeleeër-Prozess huet de Me Vogel um Dënschdeg de Mëtten Informatiounen doriwwer virgeluecht, dass de Papp vum däitschen Historiker Andreas Kramer definitiv an der däitscher Arméi war; den entspriechenden Dossier gouf awer zerstéiert!

Et gëtt donieft keng kloer Erkenntnisser doriwwer, dass de Papp Kramer fir den däitsche Geheimdéngscht geschafft huet. Den Andreas Kramer hat jo viru Geriicht ausgesot, säi Papp hätt eppes mat den Attentater Mëtt der 80er Joren zu Lëtzebuerg ze di gehat.

Dono ass de Policeenquêteur Joël Scheuer viru gefuer mat sengen Ausféierungen iwwert d'technesch Detailer vun den Explosiounen.

De Me Vogel wëll Zeien am Prozess gär froen, wéi se vun de Poliziste behandelt gi sinn. Verschidde Leit stéingen nämlech op eemol virun Texter a kriten dann ze héieren: „Ma dat hutt Dir dach gesot!“. Wa se dann äntwere géifen: „Dat hunn ech awer net sou gemengt!“, da géif hinne gesot ginn: „Dat hutt Der awer sou ënnerschriwwen!“ Dës Method widdert den Affekot un, wéi hien sot.

AUDIO: Geriicht Bommeleeër/Reportage vum Eric Ewald

E ganzen Prozess-Nomëtteg erduerch ass iwwer Quecksëlwer-Schaltere geschwat ginn an iwwer Brochuren a Spreng-Literatur – emol vun den Amerikaner emol vum BKA- mat deenen Gendarmen léiere konnten, Bommen ze bauen a nach ëmmer ass Rieds gaang iwwer déi faméis Këscht, wou ee Bommetechniken dermat gewise kréie konnt – eng Demonstratiouns-Këscht aus Plastik, vun där bal jiddwereen an der Gendarmerie eppes weess, mee déi awer op eng onerkläerlech Manéier verschwonnen ass. Just um Enn vun all deenen Demonstratiounen huet den Enquêteur Joel Scheuer dunn awer zouginn, datt keng Quecksëlwerschalteren méi ze fanne sinn, datt et also haut keng Beweiser méi an deem spezielle Volet vun der Saach ka ginn. Fir dunn awer iwwerzeleeden op den zweete Mann aus der Brigade mobile, de Jos Steil. Dem seng Sprengmeeschterformatioun ass am Detail presentéiert ginn, absënz wou hie geléiert huet, zu Wittlich an zu Koblenz an och am Frankräich. Grad do - bei der Spezialtrupp GIGN - do hätt hie villeg méi geléiert wéi en an der Brigade mobile gebraucht hätt, nämlech Sabotage a Brandstëftung; dat beweisen perséinlech akribesch Notizen. De Jos Steil hat eng Bommeleeërformatioun kritt. A wie guer keng Formatioun kritt hat, dat war den deemolegen Haaptenquêteur Jean Disewiscourt. Hien hat just den Titel kritt als Explosif-Expert, d’Aarbecht awer, sot hien deemools, déi hätt fir hien de Miess- an Erkennungsdéngscht misse man. D’ Riichterin sot, de Jean Disewiscourt wier dat Idealbild vun engem Enquêteur, deen näischt wëll erausfannen.

Bommeleeër: Papp Kramer war an der Arméi, esou Me Vogel
Et gëtt donieft awer keng kloer Erkenntnisser doriwwer, dass de Papp Kramer fir den däitsche Geheimdéngscht geschafft huet.