Enquêtecommissioun SREL: Service gëtt gebraucht, sou Expert

An der Lescht ass se dacks gestallt ginn: D'Fro, ob ee Land wéi Lëtzebuerg iwwerhaapt nach ee Geheimdéngscht brauch.
JO, seet de François Heisbourg ganz kloer. An hie misst et wëssen, hien ass nämlech de spezielle Conseiller vum President vun der Fondatioun fir strategesch Recherche a Frankräich. An dee Mann gouf als Expert an d'Enquêtecommissioun Geheimdéngscht invitéiert, fir een Echange de Vues.
Lëtzebuerg géif vläicht nach méi wéi anerer an der Ära vun der Globalisatioun liewen. Déi national Interête wieren also verbonnen mat deene vun der ganzer Welt. Fir Daten vun anere Geheimdéngschter gewuer ze ginn, misst ee selwer kompetent Aarbecht leeschten an eescht geholl ginn. Dofir bräicht een also ee Geheimdéngscht.
Den Expert freet sech awer och, wéi et an esou engem klenge Land ewéi Lëtzebuerg ka sinn, dass esou Evenementer geschéien, Bommen an d'Luucht ginn, an duerno kee Mënsch méi wësse wëll, wien dofir responsabel war.
Bis Enn Juni wëll d'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht sech nach fir 7 Sitzungen gesinn. An där Zäit wëll een och nach e puer Zeien héieren. Dat, an dee ganze Programm fir déi nächst Wochen ass an där Kommissioun decidéiert ginn, esou den Alex Bodry am Interview. Duerno sollen dann d'Virstellungen vun der Kommissioun, also no hirem Rapport och an engem Projet de Loi ëmgesat ginn, fir den Geheimdéngscht esou gutt et geet ze reforméieren.