Um 35. Dag vum Bommeleeër-Prozess ass de Policeenquêteur Joël Scheuer viru gefuer mat sengen Ausféierungen iwwert d'technesch Detailer vun den Attentater.

Ënner anerem sot de Polizist dobäi, dass de fréiere Bommeleeër-Enquêteur Paul Haan am Mäerz 2007 gehéiert gouf. Deemools hätt dee Paul Haan erkläert, net gewosst ze hunn, dass et eng Demonstratiounskëscht mat Bommematerial dra gouf. Donieft hat den Ex-Bommeleeër-Enquêteur och kee Wëssen iwwer Sprengstoff-Brochuren.

Dono ass den Enquêteur Carlo Klein op d'Insiderwëssen agaangen, dat d'Auteure vun den Attentater ausgezeechent huet. Déi wäre gutt informéiert gewiescht an hätten ëmmer do zougeschloen, wou grad keng Gendarmerie a keng Police war. No enger Zäit hätt et Indicen dofir ginn, dass d'Insider an der Gendarmerie a méi speziell an der Brigade mobile ze siche waren.

Dee Volet Insiderwëssen deelt sech a 5 Kapitelen an: éischtens d'Déifställ vu Sprengmaterial an d'Explosiounen zu Beideler, zweetens weider Déifställ an d'Explosioun zu Buerschent, drëttens d'Erpressung vun der Cegedel, véiertens d'Attentater op Stroummasten an déi aner a fënneftens d'Kënne vun den Attentäter.

De Luxite-Déifstall an der Carrieère Irthum vun Helmsange aus dem Februar 1985, dee muss vill méi genee ënnersicht ginn. Dat huet am Bommeleeër-Prozess d’Defense gefuerdert.

Ewéi esou dacks ass et um Mëttwoch an dësem Prozess mat enger Surprise ugaang. Den Défense-Affekot Gaston Vogel hat de Besoin iwwer d’Carrière Irthum zu Heeschdreff ze schwätzen. Hien hat e Bekannten, deen do geschafft huet, de John Flick, an huet och dowéinst am Dossier Bommeleeër opmierksam gelies, datt och an där Carrière Sprengstoff geklaut gi war. An hien huet dem Enquêteur Joel Scheuer Froe gestallt doriwwer, wien an an ausgaang ass an där Carrière. Eng ënnerierdesch Gipscarrière, wou och eng Äerdbebenstatioun hannenaus dra war, eng Carrière, déi Gaston Vogel fir e ganz wichtege Facteur am Dossier hält. De Jos Steil, alt erëm eng Kéier de verstuerwenen zweete Mann aus der Brigade mobile, soll sech opfälleg beholl hunn. Nom Volet Irthum ass et mat den techneschen Detailer vun der ominöser Sprengkëscht an de faméise Spreng-Brochure, déi an der Gendarmerie dorëmmer louchen weidergaang. An engem Saz wéi an honnert: keen Enquêteur wosst deemools eppes vun där Sprengkëscht; datt d’Brigade mobile awer Spreng-Brochuren hat an um Kuelbecher-Haff an der Mierscher Géigend sprengen trainéiert huet – dat ass confirméiert ginn. Zur Sprooch koum och - eng Kéier ass an dësem Prozess keng Gewunnecht - en Ugekloten, de Jos Wilmes: deen hätt eng oder zwou Konfettis-Bomme gebaut fir Hochzäite vu Kollegen. Keen huet awer op deem Gebastels insistéiert.

Bomm: Paul Haan wousst näischt iwwer Sprengstoff-Brochuren
Um 35. Dag vum Bommeleeër-Prozess ass de Policeenquêteur Joël Scheuer viru gefuer mat sengen Ausféierungen iwwert d'technesch Detailer vun den Attentater.

Prozess dauert méi laang
Datt et méi laang géif daueren war scho kloer. E Mëttwoch huet d'Riichterin am Bommeleeërprozess Sylvie Conter gesot, datt de Prozess net fir d'Summervakanz ofgeschloss ka ginn an dowéinst doriwwer eraus wäert goen.