Bomm: Psychiatresch Analys vum Andreas Kramer ordonnéiert

Um Ufank vun der 36. Sëtzung huet d'Sylvie Conter ugekënnegt dass d'Riichteren eng psychiatresch Analys vum däitschen Historiker ordonnéiert hunn.
Den Expert, deen déi Analys maache soll, hätt dofir bis den 10. Juli Zäit, sou d'Presidentin vum Geriicht.
Dono ass de Policeenquêteur Carlo Klein viru gefuer mat sengen Ausféierungen zum Thema Insiderwëssen. Als drëtt Kapitel dovu steet d'Erpressung vun der Cegedel um Programm, déi zwee lescht befaasse sech mat den Attentater op d’Stroummasten a mam Kënne vun den Attentäter.
E Mëttwoch war et jo ëm d'Kapitele Klaue vu Sprengmaterial an d'Explosiounen zu Beidler an ëm weider Déifställ an d'Explosioun zu Buurschent gaangen.
D'Erpressung vun der Cegedel huet sech dem Enquêteur vun der Police no op 4 Attentater bezunn. Vun enger klassescher Erpressung kéint een net schwätzen: Si hätt villméi den Zweck gehat, d'Gendarmerie zum "Spillpartner" ze maachen.
Se wossten alles, se wossten einfach alles – esou hu se sech bei der Cegedel nach 20 Joer no den Attentater iwwer d’ Bommeleeër gewonnert. A genee deen Ëmstand –datt d’ Täter esou excellent informéiert waren, deen ass am laang a breet zur Sprooch komm am Geriicht. Ugefaang domat, wéi d’Täter an engem Erpresserbréif der Cegedel geschriwwen hunn, wéini – nämlech mueres um hallwer 11 – si der Gendarmerie Bescheed gesot hätt, datt se giff erpresst ginn. D’ Täter hunn domat gewisen, datt si vill wossten, datt si net wëlles hätten dat Wëssen ze verstoppen, méi nach, si hunn uginn mat deem Wëssen – den Enquêteur Carlo Klein sot, si hätten der Cegedel an der Gendarmerie den laange Fanger gewisen. Datt se sech domat als Insider verroden hunn, war hinnen egal. An duerfir hu se och de faméise Code “cherche trefle noir avec voilier”, mat deem een hinne Kontaktbereetschaft signaliséiere sollt, net geännert, wéi dee bis bekannt war. Et war hinnen egal, datt d’ganzt Land matliese konnt, datt d’Autoritéiten hinne Léisegeld ugebueden hunn. D’Ambiance tëschent de Forces de l’ordre an der Cegedel war iwwregens zimlech schlecht, net nëmmen well d’ Cegedel net bezuele wollt a verschidde Politiker wollte bezuelen, nee, och dat offensichtlecht Insider-Wëssen vun de Bommeleeër huet d’Cegedels-Directioun queesch gemat. D’ Erpressung, dat gouf um Geriicht nees eng Kéier däitlech gesot, dee Chantage war net eescht gemengt. Et goung drëm d’ Gendarmerie als incapabel an ënnerbesat virzeféieren. “They are acting worse than cub scouts”, si behuele sech méi schlecht wéi Scoute-Wëllefcher, stoung an engem Bréif, eng Remarque, déi d’ Enquêteuren eréischt bal 20 Joer nom éischten Attentat esou richteg gemengt hunn ze verstoen. Et ware nämlech Scouten, déi mueres fréi um Wee an d’Octave den Dynamit um Pylône um Stafelter gesinn haten. Si hunn dat awer net der Gendarmerie mee der Cegedel gemellt. Entretemps awer hat e Mann, dee mam Hond am Gréngewald ënnerwee war, de Luxit gesinn a Bescheed gesot. D’ Täter wossten also eppes vun de Scouten, d’Enquêteure net. Déi verschidden annoncéiert Léisegeldiwwergaben waren onrealistesch geplangt an hunn d’ailleurs och ni zu engem Resultat gefouert, express net. Et goung ni em Geld, et goung nëmmen drëms d’ Gendarmerie ze blaméieren.