Bommeleeërprozess: Kee Wee laanscht Insiderwëssen

Apropos Erpressung vun der Cegedel: Et gouf e Méindeg nach eng Kéier gesot, déi wier net eescht gemengt gewiescht, et wier drëms gaang, mat der Gendarmerie de Geck ze maachen.
De Policeenquêteur Carlo Klein ass e Méindeg, um Ufank vum 37. Dag vum Prozess, viru gefuer mat sengen Ausféierungen zum Volet Insiderwëssen.
An dat méi speziell mat der Erpressung vun der Cegedel.
D'Suen, ëm déi et de Bommeleeër jo net goung, sollten am Parking Theaterplaz iwwergi ginn.
Geld oder Geck?
D'Plaz war vu kuerz viru mëttes u gutt iwwerwaacht, ma d'Operatioun gouf no enger Zäit ofgebrach, well kee sech manifestéiert huet.
Doropshin hunn d'Bommeleeër en neien "Erpresserbréif" geschéckt, an deem stoung, dass d'Spill eriwwer wär an déi aner Säit verluer hätt (Schlusssaz: "you lost").
Deen Dag ware 44 Leit op der Theaterplaz, dorënner 37 Lëtzebuerger Gendaarmen. D'Bommeleeër hunn ënnert deenen ë.a. 7 Leit vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie erkannt.
Insider - ouni Zweiwel!
Dem Policeenquêteur no hätt dono kee Wee méi laanscht en Insiderwësse vun den Auteure vun den Attentater gefouert!
D'Bommeleeër hätten Experienz mat Erpressunge gehat an z.B. kee Spaut benotzt, fir d'Enveloppë vun den Erpresserbréiwer zouzemaachen.
Op Nofro hi vun der Me Lorang huet de Carlo Klein nach zouginn, dass de Jos Steil Erfahrung gesammelt hat a Saache Kannerentféierungen.
Wie war derbäi?
Op Grond vun den Aussoe vun engem deemolege Policeenquêteur hätt sech d'Fro gestallt, ob de Geheimdéngscht an d'Iwwerwaachung vun der Theaterplaz verwéckelt war.
Fir de Carlo Klein gëtt et zwou Méiglechkeeten: Entweder war de SREL effektiv op der Plaz oder awer eng Persoun vum SREL, déi eleng gehandelt huet.
Engem fréiere BMG-Member no wär d'Brigade mobile och zur Zäit vun den Attentater gutt informéiert gewiescht.
Wat soen déi Ugeklot?
Den Enquêteur sot och, d'Täter misste sech länger Zäit bannen am Sécherheetsdispositif opgehalen hunn. Déi zwee Ugekloten Marc Scheer an Jos Wilmes waren deemools an zwou verschiddenen Equippen och op der Plaz. Dowéinst huet sech de Marc Scheer e Méindeg direkt ugesprach gefillt, deen deemolos am Parkhaus war ...
De Marc Scheer insistéiert, hien wier zwar do gewiescht mä wat op der Theaterplaz lass war – verschidden Gendarmeriescorpsen, Bundeskriminalamt, Journalisten – dovunner hätt hien näischt matkritt an hätt dat also och net kënnen a engem Erpesserbréif schreiwen.
De Marc Scheer concedéiert awer, datt Insider dee Bréif geschéckt hunn.
Firwat "absurd"?
Dofir nach eemol an de Wierder vum Procureur gesot: Mir sinn ons all eens, datt dat keng Erpressung war, et sollt nëmmen de Geck gemat ginn mat der Gendarmerie. De Bommeleeër hire ganze Plang, fir d’Geld ze iwwerginn, war einfach ze absurd: D'Geld sollt am 5. Sous-sol vun deem Parking ausgerechent dohinner geluecht ginn, wou déi eenzeg Kamera am Parking hingekuckt huet. Et ass also ni dru geduecht ginn, dat Geld sichen ze goen. Dat gekläert, datt d’Täter sech mat hirem 7. Bréif als Insider z'erkenne ginn hunn. Si hu mat hire Kenntnisser iwwer de Sécherheetsdispositif vun der Gendarmerie uginn a geschriwwen, wien alles op der Plaz war: Leit vum BKA, mä och Gendarmen aus der Brigade mobile an aus der Brigade stupéfiants. No deem Bréif war kloer: Dat do hat en Insider geschriwwen. A well och d’ Press ernimmt ginn ass a well dräi Journalisten op der Plaz waren, huet den Enquêteur Carlo Klein d’Konklusioun gezunn, d'Täter misste länger Zäit am Sécherheetsdispositif dran gewiescht sinn. Wien zu deem Dispositif gehéiert huet, waaren och déi zwee Ugekloten Marc Scheer a Jos Wilmes.