Am Bommeleeër-Prozess ass de Policeenquêteur Carlo Klein e Dënschdeg, um 38. Dag, op e weideren Aspekt vum Volet Insiderwëssen agaangen.

Beschäftegt gouf sech ë.a. mam Attentat op d’Gendarmerie a mat der duebeler Explosioun zu Izeg.

Fir den Enquêteur sollt d’Attentat op d’Gendarmerie weisen, dass déi näischt géint d’Bommeleeër kéint maachen, iwwerdeems zu Izeg e Bommeleeër misst op der Plaz gewiescht sinn!

Zu dëse Knupperte sot de Me Vogel, Affekot vum Ugeklote Marc Scheer, d'Aarbecht vun den Enquêteure wier "lamentabel" gewiescht ...

AUDIO: Bommeleeër-Prozess: De Me Vogel (28. Mee 2013)

De Me Vogel huet doriwwer eraus erkläert, a sengen Aen hätt de Jos Steil d’Erpresserbréiwer geschriwwen, déi un d’Cegedel goungen.

D'Chronologie vum Prozessdag

De Me Vogel sot en Dënschdeg um Ufank vum 38. Dag am Bommeleeër-Prozess, dass an deem ganzen Dossier d'Wourecht an eng Richtung gedréckt gouf.

D'Policeenquêteuren hätte virgefäerdegt Iddien, och wa se net de mauvaise foi wären, an alles anescht wär net acceptabel.

Fir den Affekot vum Marc Scheer huet de Jos Steil d'Erpresserbréiwer geschriwwen.

D'Me Lorang huet preziséiert, dass an hiren Aen d'Erpresserbréiwer vun engem geschriwwe goufen, deen an den USA oder a Kanada kéint gelieft hunn.

Doropshin huet d'Riichterin Sylvie Conter gemengt, och Leit mat enger Première wären dozou capabel, iwwerdeems sech den Enquêteur Carlo Klein den eegenen Aussoen no géint Ënnerstellunge vu Säite vun den Affekote wiere wéilt.

Wat d'Attentater op d’Stroummasten ugeet, wär, wann d'Haaptstroumleitung viséiert gewiescht wär, ganz Lëtzebuerg ouni Stroum gewiescht.

Am Zesummenhank mat deenen Attentater gouf d'Populatioun iwwert d'Press ëm Hëllef gefrot.

D'Attentat op d'Gendarmerie sollt weisen, dass déi näischt géint d’Bommeleeër kéint maachen, sou den Enquêteur Carlo Klein.

Vum Attentat op d'Gendarmerie war de Büro vun ë.a. dem deemolegen Enquêteur Paul Haan viséiert. Den Enquêteur Carlo Klein geet dofir vun Insiderkenntnisser vun de Bommeleeër aus.

Wann een dat Attentat vu bausse kuckt, hätt et e grousse Risiko fir d'Attentäter duergestallt; de Risiko wär dogéint méi kleng gewiescht, wann en Insider dofir responsabel war.

Zum duebelen Attentat zu Izeg sot de Policeenquêteur, dass ee Bommeleeër op der Plaz vun de Knupperte muss gewiescht sinn!

Bommeleeër: Virwërf, Ënnerstellungen, aner Usiichten
Am Bommeleeër-Prozess ass de Policeenquêteur Carlo Klein e Dënschdeg, um 38. Dag, op e weideren Aspekt vum Volet Insiderwëssen agaangen.