D'Insider-Spur huet e Mëttwoch - e bëssen onerwaart - fir grouss Unanimitéit gesuergt. Et geet ëm déi net publizéiert Phantombiller nom Kasemattenattentat.

Riichterin, Procureur an Defense ware sech eens, datt et e Skandal ass, datt nom Kasematten-Attentat e Portrait-Robot gemat ginn ass, deen einfach ni publizéiert ginn ass.

De Gaston Vogel huet seng Indignatioun erausgebierelt, de Procureur Georges Oswald huet gesot, hien wier exasperéiert an d'Riichterin sot, Dir hutt vollkomme Recht Maître Vogel. Et goung ëm den Oppasser, de Guetteur vun de Bommeleeër, dee gekuckt huet, wéi belsch Touristen sech uewen um Kanounenhiwwel installéiert hunn an him nogekuckt hunn, wéi hien do stoung, senge Kollegen, déi an de Kasematte waren, de Réck fräizehalen. Well d' Touristen hien esou genee gesinn haten, konnt herno e Portrait-Robot gemaach ginn - ma dee gouf an den Tirang geluecht ...

AUDIO: Bommeleeër-Prozess: Resumé vum 29. Mee vum Nico Graf.

De Maître Vogel huet deem Guetteur en grouss Séilerou bescheinegt ... De Gaston Vogel gesäit also eng militäresch oder paramiltäresch Pist do, op jiddwer Fall Leit, déi net hu fäerte missen, datt hinne giff eppes geschéien, Insider quoi.

Herno war ee sech op alle Säiten eens, datt eng ganz Rëtsch vun Zeie kommen, déi eng ganz Rëtsch Froe gestallt kréien, op déi se äntwere mussen.

Virdrun hat de Carlo Klein de Booby-Trap zu Aasselscheier  detailléiert presentéiert. Och zu Aasselscheier waren Insider um Wierk: Si wossten, datt de Secteur, wou si Sprengfal gebaut hunn, datt deen net méi iwwerwaacht war, an d'Bomm an de Kasematten deeselwechten Owend, déi ass eréischt explodéiert, wéi d'Gendarmë vum Verluerekascht mat Tatütata op Aasselscheier gerannt waren. Militäresch Prezisioun. An erëm eng Kéier sollt d' Force publique ridiculiséiert ginn: Dës Kéier mat "son et lumière", wéi d'Riichterin sot, well aus de Kasemattelächer sollt decken Damp erauskommen - ënner dem Ministère an dem SREL, déi deemools um Helleggeescht-Plateau souzen.

Chronik vum Prozessdag

Am Kader vum Volet Insiderwëssen huet sech de Polissenquêteur Carlo Klein e Mëttwoch de Mëtte virop mam Attentat Aasselscheierhaff befaasst. D'Plaz, wou d'Sprengfal loung, loung net an enger iwwerwaachter Zon, an dës Informatioun wär net duerch eng Observatioun ze kréie gewiescht, sou de Polizist; allerdings wär ë.a. d'Gendarmerie doriwwer am Bild gewiescht.

De Carlo Klein huet vun engem Oflenkungsmanöver geschwat, fir kuerz drop d'Attentat an de Kasematten an der Stad duerchzeféieren.

Do hat e belschen Tourist fir d’éischt e "kalbliddege" Verdächtege gesinn, deen opgepasst huet, an dono 3 aner Leit. D'Plaz vun deem Attentat huet e grousse Risiko fir d’Bommeleeër duergestallt, an awer hu si sech fir d'Attentat entscheet.

Dass eng massiv Dampentwécklung entstoung, erënnert un eng Arméi-Taktik, sou de Policeenquêteur, fir deen d'Attentäter d'Kasematte musse kannt hunn.

Iwwerdeems de Me Vogel vun engem bizarren Attentat an de Kasematten a vum militäreschen Aspekt dovun geschwat huet, huet de Procureur Georges Oswald gemengt, et kéint een an dësem Fall net vun enger Arroganz vun den Auteure schwätzen.

Dass si sech de belschen Touriste gewisen hunn, hätt domat zesumme gehaangen, dass si aus de Kasematten hätte missen eraus, well d'Preparative vum Attentat gelaf wären.

Wat d'Attentat op d'Lëtzebuerger Wort ugeet, huet dem Carlo Klein no deen Owend eng Beliichtung beim Gebai net funktionéiert!

Vun den Attentater op d'Schueberfouer an op e Ponts&Chaussées-Gebai no bäi wär d'Police viséiert an d'Populatioun Zeien dovu gewiescht. D'Ziler waren eng Show viru groussem Public a fir d'Police lächerlech ze maachen.

Adressate vum Attentat op d'olympesch Schwämm waren de Staat an d’ganz Populatioun. Dat Attentat ass e bësse méi spéit geschitt wéi déi aner; dat hat eventuell mat enger Gendarmerie-Patrull an där Géigend ze dinn!

Vereent an der Roserei

Grouss Unanimitéit wéi gesot e Mëttwoch am Bommeleeër-Prozess tëschent Riichterin, Procureur an Defense. Et goung ëm d'Attentat an de Kasematten. An do hat jo e belschen Zeien déi 4 Bommeleeër gesinn, et gouf e Portrait Robot, also e Phantombild, gemat an datt dat ni publizéiert gouf, dat suergt eben och nach haut fir grouss Roserei.

A vu alle Säiten ass gesot ginn, déi Responsabel kréiche geschwënn am Prozess quokeleg Froen doriwwer gestallt.

Dem Defense-Affekot Gaston Vogel sinn nach d'Rou an d'Präzisioun bei deem Attentat opgefall.

AUDIO: Bomm: Me Vogel iwwer Kasemattenattentat
Bommeleeër-Prozess: Weider Indicë fir Insiderwëssen
D'Insider-Spur huet e Mëttwoch - e bëssen onerwaart - fir grouss Unanimitéit gesuergt. Et geet ëm déi net publizéiert Phantombiller nom Kasemattenattentat.