Dem initiale Plang no, deen d’Justiz der Press am Februar matgedeelt hat, hätt um Donneschdeg iwwregens schonn de leschte Prozessdag solle sinn ...

Dovunner ass een awer nach wäit ewech! An enger éischter Phas ginn d’Sëtzungen elo mol bis den 11. Juli virun. Domat ass et awer sécher nach net gedoen ...

Um 40. Dag vum Bommeleeër-Prozess ass de Policeenquêteur Carlo Klein um Donneschdeg virop op d'Attentat, am Oktober 1985, op de Geriichtspalais agaangen.

D'Büroe vun den zoustännegen Untersuchungsriichtere ware vun där Bomm viséiert; si sollt e groussen optesche Schued no sech zéien. En Zeien hat e Mann an der Géigend vum Palais de Justice gesinn, wouropshin e Phantombild vun där Persoun gemaach gouf, wat awer ni publizéiert gouf. De Polizist huet donieft erkläert, de Palais wär net bewaacht gewiescht.

Fir de Carlo Klein stellt dat Attentat e Knackpunkt duer a puncto Insiderwësse vun de Bommeleeër. Den zoustännegen Untersuchungsriichter hätt eréischt 10 Deeg virdrun international Rechtshëllef an der Belsch ugefrot a Saache Ben Geiben; dës Informatioune wären nëmmen engem ganz klenge Krees vu Leit bekannt gewiescht. D'Bomm wär explodéiert, wéi de Ben Geiben am Land, ma net méi observéiert war, an an der Gendarmerie wéilt kee méi eppes iwwert deen Owend wëssen.

Dem Armand Kaudé, Ex-SREL-Mann, wär et ze verdanken, dass an deem Kontext e Rapport iwwert de Jos Steil geschriwwe gouf. Dem Enquêteur no wär deemools schonn eng Enquête bannent der Brigade mobile néideg gewiescht, an deen Owend wär d'Spuer Geiben gestuerwen.

Vum Attentat op de Findel am November 1985 war den Instrumentelandesystem viséiert. Déi entspriechend Gebaier waren net alarm-geséchert, e materielle Schued war d’Zil, d'Auteure waren op d’mannst zu zwee a sinn nëmmen e klenge Risiko agaangen. D'international Renommée vu Lëtzebuerg gouf dovun a Matleedenschaft gezunn.

Deen Instrumentelandesystem war 80 Millioune Frang wäert. En Zeien huet deen Owend zwee Leit gesinn iwwert d'Strooss fir bei de Findel lafen, d'Attentat war dat fréist iwwerhaapt op engem Owend an de Ben Geiben war zoustänneg fir de Fluchhafen.

Fir de Carlo Klein kann een och an dësem Fall nees vun Insiderwëssen ausgoen. Dat Attentat géif och enger militäresch geplangtener Aktioun gläichen.

Duerch d'Sprengfal, déi den Dag drop um Fluchhafe fonnt gouf, sollt ee blesséiert ginn, an och déi Fal géif militäreschem Denken entspriechen.

Bommeleeërprozess: Attentater op Geriichtspalais a Findel
Bommeleeërprozess: Attentater op Geriichtspalais a Findel