Am Bommeleeër-Prozess kéint et um Méindeg emol eng Surprise ginn, eng grouss prozedural Iwwerraschung.

D' Riichterin Sylvie Conter huet nämlech op de Problem vum code pénal militaire higewisen, e seelen applizéierte Code pénal, deen awer vläit fir déi zwee Ugekloten kéint gräifen.Et war just e kuerze Moment en Donneschdeg am Prozess. D' Riichterin Sylvie Conter huet schëtzeg a kaum verständlech e pur Paragrafen opgezielt an doranner ass verdächteg dacks dat Wuert militaire virkomm, als Adjektiv a virdrun stung code pénal. An d' Riichterin huet de Défense an dem Parquet mat op de Wee ginn, déi Paragrafen aus deem code an hire Plaidoirien ze bedenken.

Gelift?

Also nogefrot, fir d' éischt, well de Gaston Vogel grad do koum, bei der Defense; déi wosst nach net op wat et giff erauslafen, hat awer schonn e bëssen eng Ahnung, datt et ëm déi prinzipiell Zoustännegkeet vum Geriicht kéint goen, och well am Prozess an de leschten Prozessdeeg esou dacks militaire gesot ginn ass, notamment och wéi et ëm déi zwee gesprengte Computeren um Findel goung, déi jo e militäreschen, e Nato-Zweck haten. Nofro och beim Procureur Georges Oswald; dee sot, och hien wier vun der Riichterin iwwerrascht ginn, mee (Zitat) „mir kréien dee Problem vum Dësch.“

En Interview gëtt haut an dëser Saach iwwregens keen, et kritt een awer gesot, wou ee nobliedere soll an et kann ee sech selwer schlau man. An et fënnt een erstaunlech Saachen. An engem Code, vun deem bal kee Mënsch weess, datt et e gëtt, de code pénal militaire, nom Gesetz vum 31.12.1982.

Am Artikel 2 vun deem Code steet emol schonn direkt, datt dee Code applicabel ass fir Memberen vun der force publique notamment „aux membres de carrière de l'armée, de la gendarmerie et de la police pendant la durée de leur service actif.“ also och fir déi zwee Ugekloten Marc Scheer a Jos Wilmes, als fréier Gendarmen, haut Polizisten. Mee weider: d' Kapitel III vun deem Gesetz heescht de la trahison et du sabotage. Sabotage, steet do, mécht deen, dee Militärmaterial zerstéiert. Wat wuel um Findel geschitt ass. Méi nach an deem Artikel steet och, Sabotage giff dee man (qui)

participe à une entreprise de démoralisation de l'armée ou de la nation et qui a pour objet de nuire à la défense nationale. An och Demoralisatioun ass mam Attentat um Findel an iwwerhaapt mat all deenen 20 Bommen op d' mannst diskutabel.

An domat stellt sech d'Fro, wéi et am Bommeleeër-Prozess weidergoe soll. Ass dëst Geriicht iwwerhaapt zoustänneg fir déi zwee Ugekloten oder misst net en anert Geriicht iwwer si jugéieren, d' juridiction militaire nämlech mam conseil de guerre.

Et ass unzehuelen datt d Defense do kéipweis Problemer relevéiert a probéiert de Prozess ze retardéieren, wann net esouguer ze stoppen, eben well d' Geriicht guer net zoustänneg wier. Et ass esouguer d' Fro, ob net déi ganz Instruktioun, also d'Enquête misst nei gemat ginn, esou eventuell mat ganz neien, frësch ernannten Enquêteuren.

Den Auswee, einfach d' Findel-Attentat aus dëser Problematik an aus dem Prozess auszeklammeren, deen Auswee schéngt verbaut ze sinn, well de Prozess jo nëmmen statt fënnt, well de Marc Scheer a sengem Verhéier esou iwwer d'Findel-Attentat an de Jos Wilmes a sech selwer geschwat hat, datt herno eng Inculpatioun erauskoum.

Et gëtt also spannend am Prozess an et sief nach eng Kéier gesot, datt et d' Riichterin selwer war, déi op d' Problematik vum code pénal militaire opmierksam gemat huet.