Bomm: Me Vogel plädéiert op Inkompetenz vum Geriicht

Den Affekot vum Marc Scheer huet op d'Inkompetenz vum Geriicht plädéiert fir iwwer Infraktiounen ze decidéieren, déi de Code pénal militaire betreffen.
Wéi erwaart huet de Me Vogel e Méindeg de Mëtten um Ufank vum 41. Dag vum Bommeleeër-Prozess eng Konklusioun virgeluecht, am Zesummenhank mat deenen Informatiounen, déi RTL Radio Lëtzebuerg an der Mëttesstonn bruecht hat.
De Me Vogel huet donieft och op d'Inkompetenz vum Tribunal criminel plädéiert an dowéinst e Jugement préalable doriwwer gefrot.
Fir de Procureur Georges Oswald sollt um Fong iwwert dës Fro entscheed ginn. Hien huet erkläert, dass d'Argumentatioun vun der Défense net fondéiert an d'Fuerderung vun den Affekote vun de Beschëllegten zeréck ze weise wär.
D'Me Lorang huet hirersäits gemengt, et wär elo um Geriicht ze decidéieren, wat mat der Affär ze geschéien huet.
D'Presidentin vum Geriicht huet betount, dës Fro hätt misse soulevéiert ginn; d'Sylvie Conter huet sech an engems d'Fro gestallt, firwat bis ewell keen domat komm ass.
Dës Fro, sou d'Decisioun vum Geriicht, gëtt op de Fong joignéiert, dat heescht et gëtt um Enn vum Prozess drop geäntwert. De Grond dofir ass, dass d'Fro no der Demoralisatioun vun Arméi a Populatioun kéint eréischt no der ganzer Instruktioun gekläert ginn.
Vum Vertrieder vum Parquet a vun der Defense wëll d'Geriicht iwwerdeems bis e Méinden déi respektiv Positiounen hunn zur Fro, wéi d'Prënze Jean a Guillaume viru Geriicht ze behandele sinn.
De Policeenquêteur Carlo Klein ass doropshi weider gefuer mat sengen Ausféierungen iwwert d'Insiderwësse vun de Bommeleeër a méi speziell iwwert d'Attentater. Dat op d'Haus vum fréiere Colonel Wagner hätt d'Enn vun der Serie duergestallt, d'Bommeleeër hätten dono keng Noutwendegkeet méi fir weider Attentater an e perséinlecht Motiv am Zesummenhank mat der Ex-Aarbecht vum Colonel Wagner gehat. Wat d'Kënne vun den Attentäter betrëfft, hätten déi e Goût fir de Risiko an e Plëséier fir Spillereie gehat. D'Bommeleeër wäre kee Grupp vu Chaote gewiescht, déi sech duerch e groussen Zesummenhalt an Idealissem charakteriséiert hätten.
Dobäi hätt e grousse Risiko fir d'Bommeleeër just bei den Attentater op d’Gendarmerie a bei deem zu Hollerech bestanen, sou den Enquêteur.