Als "perfekte Skandal" huet d'Affekotin vun engem vun den 2 Ugekloten de Fait bezeechent, datt de Geheimdéngscht d'Enquêteuren 2007-2008 iwwerwaacht huet.

Um Ufank vum 42. Dag am Bommeleeër-Prozess huet de Me Vogel virop d'Fro gestallt, ob et wouer ass, dass d'Policeenquêteuren 2007 an 2008 vum SREL iwwerwaacht goufen. An deem Kontext huet d'Me Lorang vun engem perfekte Skandal geschwat.

Den Enquêteur Carlo Klein sot, d'Enquêteure wéissten dat scho méi laang, well si hätten dat héiere gehat; zanter dem 8. Mee wären d'Informatiounen offiziell an d'Enquêteure wären am Gaangen, doriwwer z’enquêtéieren an e Rapport ze schreiwen. Den Ex-SREL-Mataarbechter André Kemmer hätt wuel e Privatdetektiv mat där Iwwerwaachung beoptraagt; den Detektiv hätt dat zouginn, mä mat sengen Observatiounen opgehalen, wéi e bis gewosst hätt, dass déi iwwerwaachte Leit Poliziste wären.

Op d'Fro vun der Me Lorang, ween den Detektiv bezuelt hätt, huet de Carlo Klein geäntwert, d'Enquêteure wéissten dat net. Et wär net auszeschléissen, dass déi Iwwerwaachung en "Alleingang" vum André Kemmer war.

AUDIO: Geriicht Bommeleeër/Reportage vum Eric Ewald

Fir de Procureur Georges Oswald sinn dës Faiten egal wéi inadmissibel: Hien huet dann och ugekënnegt, dass dat wäert Konsequenzen hunn!

Dono ass de Policeenquêteur Marc Weis op de Volet "A qui profite le crime?" agaangen.

Zu Zäitpunkt vun den Attentater hätt et en allgemenge Manktem u Moyene ginn; all d'Corpsen hätten eppes bäigewollt, och d'Brigade mobile vun der Gendarmerie. Där hir Spëtzt hätt eng Opstockung vun den Effektiver ëm bal 140 Leit gefrot; deemools hätte ronn 500 Leit dofir geschafft. Deemno hätt bal 30% Personal solle bei dat bäikommen, dat et déi Zäit gouf!

Allerdings wäre bis 1990 nëmmen 120 Leit bei der Police an der Gendarmerie zesumme bäikomm. Nawell koum et zu Reformen op Grond vun den Attentater, sou den Enquêteur Marc Weis.

Bommeleeër: Enquêteure vum Geheimdéngscht iwwerwaacht
Als "perfekte Skandal" huet d'Affekotin vun engem vun den 2 Ugekloten de Fait bezeechent, datt de Geheimdéngscht d'Enquêteuren 2007-2008 iwwerwaacht huet.