Sou dacks oder op d'mannst sou laang huet nach keng Enquêtekommissioun getagt, sot de President vun der Kommissioun iwwert de Geheimdéngscht.

Et war déi 27. Sëtzung an des Kéier kruten d’Députéiert den zweeten Deel vum Briefing, iwwert d’Aktivitéite vum SREL. Et ass drëm gaang een Iwwerbléck vun de Missioune vum SREL ze kréien an ze kucke wéi déi duerchgefouert ginn, sot no der Sëtzung de President Alex Bodry. Terrorismus, Waffegeschäfter an d’Zesummenaarbecht mat aneren auslännesche Servicer hunn dominéiert. Déi aner Servicer hu scho matkritt wat zu Lëtzebuerg leeft, war ee Message dee vum SREL komm ass. 

D’Kommissioun mécht sech Gedanke wéi eng Missioune néideg si fir de SREL an an enger zweeter Phas geet et ëm déi operativ Moyenen.Um Mëttwoch fänkt d’Kommissioun un éischt Conclusiounen ze zéien, sou den Alex Bodry. 5-6 Sëtzunge sinn nach virgesinn,  Enn des Mounts sollen dann an enger ëffentlecher Sëtzung éischt Conclusioune gezu ginn.

AUDIO: SREL Enquete-Commissioun/Reportage Max Theis