100,7: Privatdetektiv soll och R. Biever iwwerwaacht hunn

De Skandal ronderëm d’Observatioune vun engem fréiere SREL-Mataarbechter op d’Justiz hëlt nach méi eng grouss Dimensioun un.
De Privatdetektiv, dee fir den André Kemmer geschafft huet, behaapt dem Radio 100,7 no, e wier net nëmmen ugestallt ginn, d’Enqueteure an der Bommeleeër-Affär z’iwwerwaachen, mä och de Robert Biever. Hien hätt de Procureur d’Etat um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg 2006 an 2007 hei am Land observéiert, also zum Héichpunkt vun der Enquête, éier déi fréier Gendarme Scheer a Wilmes festgeholl goufen.
Déi fréier Source vum André Kemmer behaapt weider, de Robert Biever hätt sollen eng Fal während enger presuméierter Rees an Thailand gestallt kréien. Weider mellt den 100,7, den André Kemmer hätt Rumeuren iwwer de Robert Biever gestreet.
Hannert der Motivatioun vum André Kemmer, dee bis zu sengem Wiessel an de Geheimdéngscht selwer Enquêteur bei der Police Judiciaire war, steet e grousst Fragezeichen. Ze kläre bleift och, wien am SREL Bescheed wosst.