Grad ewéi um Méindeg huet d'Geriicht och um Mëttwoch decidéiert, d'Fro vun der Kompetenz am Gesamtuerteel ze tranchéieren.

De Me Vogel huet um Ufank vun der Sëtzung vum Mëttwoch vum Bommeleeër-Prozess eng Informatioun vun engem fréiere Fluchlotse viruginn, deen den Dag vum Attentat Déngscht hat.

Dee Mann schreift, hien a seng Kollegen hätten déi zwou Explosiounen um Findel matkritt, an hie wär dovun ausgaangen, dass et nach zu enger 3. Attack kéim, an zwar op de Kontrolltuerm.

Deenen Aussoen no war de Radar déi Zäit bei Nuetstournéeën aus, an duerch d'Explosioune wär de Fluchhafe paralyséiert gewiescht.

De Mann mengt, dofir kéint nëmmen en Insider zoustänneg sinn; a Fro kéim ë.a. e Militär.

Dem Me Vogel no gouf dee Mann ni richteg gehéiert, an dowéinst freet den Affekot net nëmmen eng Enquête iwwert d'Insider um Fluchhafen, mä huet an engems nees d'Kompetenz vum Geriicht a Fro gestallt.

De Procureur Georges Oswald ass dogéint der Meenung, dass um Enn doriwwer soll decidéiert ginn. D'Riichteren hu sech doropshi fir eng Decisioun iwwert d'Inkompetenz-Fro vum Me Vogel zréckgezunn!

D'Riichterin Sylvie Conter huet erkläert, d'Geriicht géif bei senger Decisioun bleiwen, fir iwwert d'Inkompetenz vum Geriicht eréischt um Fong z’entscheeden.

De Me Vogel huet doropshi betount, dee Fluchlotse misst gehéiert ginn. De Mann gouf dunn an d'Lëscht vun den Zeien opgeholl.

De Policeenquêteur Joël Scheuer ass dono op d'Sprengstoffkenntnisser vun de Bommeleeër agaangen. Ë.a. de Jos Steil aus der Brigade mobile hätt eng entspriechend Formatioun gehat. D'Attentäter hätten e Bezuch op d’Regioun ronderëm d’Stad gehat, an d'BMG wär do doheem gewiescht.

Dem Enquêteur no ass en homogene Grupp dofir verantwortlech, Leit, déi wuel nach haut zesummenhalen.

D'Defense war mat deenen Aussoen net d’accord an huet gemengt, d'Polizisten hätte Faite virzebréngen, a soss näischt.

D'Me Lorang huet gemengt, d'Leit kéinten och zesummen halen, well d'Spur vun de Bommeleeër an d’Ausland féiert.

Dem Joël Scheuer no koum d'Brigade mobile als Unitéit a Fro, aus där d'Bommeleeër kéinte sinn, a si wär als eenzeg erausgefiltert ginn.

Am Zesummenhank mam net reusséierten Iwwergi vu Suen am Parking Theaterplaz huet den Ugeklote Marc Scheer gesot, d'Brigade mobile hätt vun der Existenz, awer näischt iwwert den Inhalt vun den Erpresserbréiwer gewosst. Fir d'Presidentin vum Geriicht wär dat awer schwéier nozevollzéien.

De Marc Scheer huet nach emol deklaréiert, d'Leit vun der BMG hätte quasi näischt gewosst, wat deen aneren Ugeklote Jos Wilmes confirméiert huet; dem Marc Scheer no gouf et och keen Szenario fir dat Iwwergi vu Suen! Domat war den Enquêteur Joël Scheuer allerdings net d'accord: A sengen Ae war eng Bewegung vun de Suen aus dem Parking eraus virgesinn, well soss wär kee Peilsender néideg gewiescht!

Um Enn vu sengen Ausféierungen ass den Enquêteur Joël Scheuer nach drop ze schwätze komm, dass de Jos Wilmes Kenntnisser iwwer Zündmechanismen hat.

Fir d'Me Lorang bedeit dat awer net, dass hien dofir eng Sprengfal gebaut hätt oder fir d'Attentat op d'Gasleitung zu Hollerech responsabel wär. De Jos Wilmes huet sengersäits betount, keng Experienz mat richtegem Sprengstoff ze hunn.

Wouriwwer haut um Geriicht an de Couloirsë ganz vill an am Sall guer net geschwat ginn ass, dat waren déi nei Reproche géngt den André Kemmer, de fréiere SREL-Mann. Hien hätt duerch e belsche Privatdetektiv den deemolege Procureur Robert Biever ausspionéiere gelooss. De André Kemmer selwer gëtt an deeër Saach keen Interview, dementéiert dat awer kategoresch, genee wéi hien och dementéiert, d' Bommeleeër-Enquêteuren observéiert ze hunn. Béid Observatiounen ginn awer vun de Leit, déi mam Privatdetektiv geschwat hunn, confirméiert. Nach steet do also Wuert géingt Wuert. Am Geriicht gouf sech de Mëtteg awer ganz vill gefrot, wien den André Kemmer le cas échéant da wuel ugestallt hätt, déi Observatiounen mache ze loossen. Et ass kee besonnescht Geheimnis verroden, wann ee seet, datt Observateuren wéi Enquêteuren verschiddene Leit aus der Police-Spëtzt vun 2007 deen Optrag zoutrauen. Offiziell awer doriwwer kee Wuert vu kengem.