Et schwätzt wierklech alles fir eng Reform vum Geheimdéngscht hei zu Lëtzebuerg, de Service soll awer och an Zukunft bäibehale ginn.

D'Enquêtekommissioun SREL wëll bis Juli ee Rapport zesummegestallt hunn, iwwert deen dann nach virun der Summervakanz an der Chamber soll debattéiert ginn. D'Aarbecht vun der Enquêtekommissioun soll awer op kee Fall domatter ofgeschloss sinn; et muss een dann no der Rentrée genee kucken, wéi d'Aarbecht dann opgedeelt gëtt.

Op alle Fall hunn e Mëttwoch esouwuel de President vun de Kommissioun Alex Bodry, wéi och den Déi Gréng Deputéierte François Bausch gemengt, datt eng Spezialkommissioun der Enquêtekommissioun an Zukunft kéint bäistoen.