Och de Procureur Roby Biever gouf genee wéi Police-Enquêteuren tëscht 2006 an 2007 observéiert. Lo steet Ausso géint Ausso.

Dës Informatioun vum Radio 100,7 huet de Procureur Général d'Etat e Mëttwoch där Chaîne confirméiert a sot, datt hie mat där Aktioun hätt sollten destabiliséiert ginn.

AUDIO: De Robert Biever um Radio 100,7

Och ouni Preuven ze hunn, gesäit de Roby Biever e Lien tëscht dem Bommeleeër-Dossier an den Aktivitéite vum SREL.

Perséinlech fillt sech de Proceureur Général déif getraff a freet sech perséinlech, op hien net Enn dës Jores soll a Pensioun goen.

RTL géintiwwer huet de fréiere SREL-Mann André Kemmer kategoresch dementéiert, datt hien den deemolege Procureur grad wéi och d'Bommeleeër-Enquêteure vun engem belsche Privatdetektiv ausspionéiere gelooss ze hunn.

Dës béid Observatioune ginn awer vun de Leit, déi mam Privatdetektiv geschwat hunn, confirméiert – et steet Ausso géint Ausso, an et stellt sech d'Fro, wien da wuel den André Kemmer ugestallt hätt dës Observatiounen maachen ze loossen.

Fir d'Memberen vun der SREL-Enquêtekommissioun ass dës nei Revelatioun de Wierder vum François Bausch no eng weider Drëps, déi d'Faass zum Iwwerlafe bréngt.

Dem  CSV-Fraktiounschef Gilles Roth no géif sech confirméieren, datt eng Handvoll SREL-Beamten an deem Service gemeet hätten, wat se wollten.

Schwieregkeeten huet d'Kommissioun iwwerdeem de fréieren President vun der Cour des Comptes Gérard Reuter ze fannen, deen den nächste Méindeg sollt gehéiert ginn... de Mann ass verschwonnen an ass gebieden sech de nächsten Méindeg der Auditioun an der Kommissioun ze stellen.