Robert Biever: Luc Frieden net begeeschtert iwwer Enquête

100,7: De fréiere Justizminister Frieden war net begeeschtert iwwer d'Enquête vun der Justiz an der Bommeleeër-Affaire. Dat sot de Procureur Robert Biever.
En huet "de Wäert vun der Enquête net onbedéngt agesinn" an "e war net amuséiert" driwwer. Dat sot de Procureur Général am 100,7-Interview. "En ass ëmmer erëm drop zeréckkomm mat der Fro, ob déi Enquête nach opportun wier – och zu engem Moment, wéi d’Enquête sech méi op d’Police hin dirigéiert huet", esou de Procureur Général.
De Radio 100,7 hat schonn Enn Abrëll e Reportage driwwer bruecht, datt de Luc Frieden als Justizminister versicht hätt d'Enquête zouzemaachen.
De Minister hat sech owes bei eis am Interview „extrem erstaunt“ gewisen iwwer sou Sätz. Dat wär total aus der Loft gegraff. Hie wéilt drun erënneren, datt a senger Amtszäit mol nees Bewegung an deen Dossier komm wär. Hien hätt seng Responsabilitéit als Justiz- a Policeminister iwwerholl, sot de Luc Frieden deemools bei eis um Radio als Reaktioun.
An och um Donneschdegowend huet de Luc Frieden op eiser Antenn op déi Aussoe reagéiert a betount, dass hien ni d'Enquête stoppe wollt, mä sech och Gedanke gemeet hätt ëm aner wichteg Affairen, déi och sollte behandelt ginn. De Luc Frieden seet, hien hätt ganz schwiereg Decisioune missen huelen, zum Beispill d'Ofsetze vum Policedirekter, et kéint een him also net virgeheien, hien hätt d'Affaire wëlle blockéieren. An et wier selbstverständlech, dass hien och elo an d'Chamber geet fir do déi néideg Erklärungen ze ginn.
Och d'Police-Spëtzt huet eisen Informatiounen no dacks probéiert déi Enquête ze bremsen, zum Beispill och mat Interventioune fir dat neit Gesetz iwwer d'entrave à la justice ze verhënneren. An d' Offizéier Pierre Reuland a Patrice Solagna hätten déi zwee Ugekloten Marc Scheer a Jos Wilmes tëschent hiren éischten schwierege Verhéier an hirer Verhaftung - kollegial beroden.
Déi Gréng wëllen, dass de Minister Frieden an de Procureur général Biever an enger Drénglechkeetssëtzung vun der parlamentarescher Justizkommissioun Explikatioune ginn.
Wann de Minister sech wollt amëschen, dann hätt hien op d'mannst d'Ëffentlechkeet mat sengem Dementi belunn, schreiwen déi Gréng an engem Communiqué. An deem Fall wäre politesch Konsequenze vum Luc Frieden net ze vermeiden. Si fuerderen, datt déi parlamentaresch Justizkommissioun fir eng Drénglechkeetssëtzung zesumme kënnt, wou sech dann de Minister an de Procureur Biever missten erklären. Déi ass dann och fir e Freidegmoien ugesat.
Et gëtt eng chappe de plomb, e Bläideckel, dee muss opgebrach ginn an da kann een d' Affair definitiv opklären.
Dat huet den deemoleg Procureur Robert Biever an der Bommeleeër-Affär nawell méi dacks gesot. An de leschten Deeg gesäit een ëmmer besser wéi déi chappe de plomb ausgesäit.
De Bläideckel besteet doranner, datt keen drënner kucke kann, wéi dat eben esou ass mat Bläi. An e kann – wann et ëm eng Enquête geet - verschidde Formen unhuelen.
Do ass emol fir d'éischt d'Methode d'Enquête iwwerhaapt ze verhënneren. Ganz um Ufank vun der Enquête huet de Police-Chef Pierre Reuland sengen Enquêteuren, déi erëm ufänke wollten um Dossier ze schaffen, schonn dee memorable Saz mat op de Wee ginn, dësen „Dier kommt bis op e bestëmmte Punkt a net weider“. Et gouf den Enquêteuren och ënnerstallt, si wéilten eng Enquête iwwer déi deemoleg Enquête man, also police de la police spillen, dat haten déi guer net wëlles, si wollten einfach d'Bommeleeër-Enquête erëm ophuelen. Se souzen jo och en engem extra Gebai fir a Rou ze schaffen. An et gouf ëmmer erëm, all 6 Méint, déi penibel Situatioun, datt d'juge d'instruction d'Verlängerung huet missen ufroen, fir weider déi Enquêteuren um Dossier schaffen ze loossen. D' Enquêteuren kruten och vun Ufank un gesot, déi nei Enquête giff riskéieren e ganz komesche Retour an d' Police ze kréien.
D'Enquêteure kruten och ze verstoen si missten zeréckkommen an d'Police op Hamm, mat dem koppege Saz, an der Kantinne giffe se vermësst ginn. De Pierre Reuland huet do ëmmer als Bremser fonctionnéiert. Mee net nëmmen hien. Och den Offizéier Patrice Solagna stung op der Bremse, woll net d' Bommeleeër-Enquêteuren net chapperonnéieren, wéi se dat an der Police nennen, wollt also als Responsablen näischt mat deem Dossier ze dinn hunn. Méi nach: wéi déi zwee Ugekloten Marc Scheer a Jos Wilmes gemierkt op wat et giff erauslafe fir si – op eng Inculpatioun – do hate si bescht Conseilleren: eisen Informatioune no hunn de Pierre Reuland an de Patrice Solagna déi zwee carrément beroden.
Och op engem ganz anere Niveau sollt d' Enquête - an de Prozess - behënnert ginn. Eisen Informatioune huet de Justizminister Luc Frieden op d' mannst probéiert den Eifer vum Procureur Biever an dëser Saach ze bremsen. Doriwwer ass gestridde ginn tëschent Procureur a Minister. An et gouf och Demarchen, dat neit Gesetz iwwer d' Entrave à la justice ze torpedéieren. Dat heescht, dat juristescht Damoklesschwäert ewechzehuelen, wat iwwer de Leit hänkt, déi elo am Prozess aussoe mussen. Och bei deem Versuch, d' Gesetz ze verhënneren war erëm d' Police-Spëtzt virbäi mä och d' Offizéiers-Gewerkschaft. Fléckt een elo nach de Saz vum SREL-Chaf Marco Mille un, deen zum Premier seet „Du weess wat ech vun deene Leit do halen“, vun den Enquêteuren nämlech a fléckt een dann och nach d' Observatiounen duerch e Privatdetektiv vun den Enquêteuren a vum Procureur an och d' Thailand-Fal géint de Robert Biever un, dann huet een en zimlech geneet Bild vun der chappe de plomb vun haut.
Déi aus den 80er Joer ass domat nach net gelicht.