Um Ufank vum 44. Dag vum Bommeleeër-Prozess huet de Me Vogel am Nomëtten e Schreiwes vun engem fréiere Gendarmerie-Gewerkschaftler virgelies.

Dee Mann schreift, dass d'Forces de l’ordre zur Zäit vun den Attentater an engem schlechten Zoustand waren. Nom Doud vum Polizist Patrice Conrardy hätt den zoustännege Minister Marc Fischbach eng Reunioun mat de Gewerkschafte vun de Forces de l'ordre gefrot, bei där déi Verbesserungsvirschléi sollte virleeën. De Colonel Aloyse Harpes hätt déi Initiativ awer torpedéiert; nawell wären d'Proposen eent zu eent ëmgesat ginn. Zur Modernisatioun vun Institutioune vum Land hätten awer éischter d'Iwwerfäll vun der sougenannter Waldbëlleger Band bäigedroe wéi d'Attentater vun de Bommeleeër, sou dee Mann.

D'Me Lorang huet an deem Kontext festgehalen, dass een, an zwar de Colonel Harpes, wollt décidéieren, wat ze maache wär. Donieft huet d'Affekotin vum Jos Wilmes erkläert, dass an hiren Aen d'Observatiounen, duerch de Geheimdingscht, vun de Bommeleeër-Enquêteuren a vum deemolege Procureur d’Etat Robert Biever moralesch donieft waren. Si huet an enger Konklusioun gefuerdert, dass d'Enquêteuren erausfanne sollten, wee fir déi Iwwerwaachunge responsabel war.

AUDIO: De Me Lorang (06/06/2013 - Cut 18h)

Dono ass de Polissenquêteur Joël Scheuer op eenzel Aussoen iwwer Insider als Auteure vun den Attentater agaangen. De spéidere Policechef Pierre Reuland hat zu engem Zäitpunkt iwwer e fréiere Polizist oder Gendaarm als Bommeleeër spekuléiert. Fir den Enquêteur Paul Haan koumen d'Auteuren aus den eegene Reien, Zitat “ee vun hei, deen alles kennt”. De Jos Steil sot fir säin Deel, et kann nëmmen "vun eis selwer" ausgaange sinn.

De Me Vogel huet dogéint gehalen, dass nom Erreeche vum presuméierten Zil, de Verbesserunge fir d'Forces de l'ordre, d'Attentater virugaang sinn.

Bommeleeër-Prozess: "Truppen"-Moderniséierung But vu Bommen?
Um Ufank vum 44. Dag vum Bommeleeër-Prozess huet de Me Vogel am Nomëtten e Schreiwes vun engem fréiere Gendarmerie-Gewerkschaftler virgelies.