Lëtzebuerger Land: Fernand Kartheiser war "Duebel-Agent"

Bommeleeër a Geheimdéngscht: D'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land kënnt um Freideg nees mat neie Revelatiounen. Bausch freet Récktrëtt vu Kartheiser.
De Fernand Kartheiser, aktuell Deputéierten a fréieren adr-President, huet fir de Lëtzebuerger Geheimdéngscht geschafft als duebelen Agent, fir de CIA a fir d'Russen. D'Memberschaft am KGB wär eng Täuschung gewiescht. Den Agent Kartheiser wär am Januar 2009 reaktivéiert ginn – fir eng Missioun mam Numm „Vampire“, dat war kuerz Zäit, éier de Marco Mille bei Siemens gewiesselt ass.
Op Nofro vun RTL huet de Fernand Kartheiser confirméiert, datt hien als Duebel-Agent geschafft huet. Un eng Operatioun "Vampire" kann hie sech awer net erënneren.
An d'Memberschaft am russesche Geheimdéngscht GRU wär awer eng Täuschung gewiescht, sot den Här Kartheiser weider.

De Fernand Kartheiser huet eis géintiwwer nach gesot, datt hien zu senger Zäit als Student zu Wien vun russeschen Geheimdéngscht-Leit rapprochéiert gi wier, fir fir si ze schaffen.
Den Deputéierten schwätzt dann och dervun, datt d'Operatioun deemools e Succès gewiescht wier.
Bausch freet Récktrëtt vum Kartheiser
Op sengem Internet-Blog freet de gréngen Deputéierten François Bausch iwwerdeem, datt den ADR-Deputéierten sollt säi Mandat néierleeën. D'Roll als Duebel-Agent wier et ze verheemlechen, Leit ze täuschen a se bewosst ze beléien. Dës Roll hätt de Fernand Kartheiser bis haut gutt verënnerlecht.
A sengem Blog géif den Deputéierten Kartheiser sech d'Fanger wonn schreiwen, fir d'Memberen an der Enquête-Kommissioun ze diskreditéieren, sou de François Bausch, dee sech dann och freet, op dee selwechten Här Kartheiser net bei der ADR ageschleist gi wier, fir des definitiv ze zerstéieren. Eppes wat de grénge Fraktiounschef, wann dat dann esou wier, net weider géif beréieren.
De Fernand Kartheiser gesäit dat ganzt awer anescht.
Fernand Kartheiser: Ech fannen dat eng abstrus Iddi vum Här Bausch, well ech mengen ech hunn an den 80er Joren dat gemaach, wat meng Pflicht war deemools... ech hu fir d'Land geschafft. Den Här Bausch dee behaapt ech hätt Leit getäuscht... en huet Recht... ech hu Leit getäuscht.. ech hu sowjetesch Geheimagente getäuscht déi géint eist Land geschafft hunn. Ech mengen dat ass méi wéi richteg gewiescht wat ech do gemaach hat. Ech wonnere mech, dass den Här Bausch sech iwwerhaapt doriwwer opreegt... ech hätt mer erwaart, dass den Här Bausch mer felicitéiert fir mäin Asaz fir dëst Land. Ech géing mengen, dass en soll seng Reaktiounen iwwerdenken. Wat en den Abléck erzielt, dat entsprécht weder dem Versteesdemech vum Kale Krich nach dem wat ech vun engem Rapporteur vun enger Geheimdéngschtkommissioun iergendwéi erwaarden.
Och d'Fro vum François Bausch, ob de Fernand Kartheiser just an d'ADR geschleist gouf, fir si definitiv ze zerstéieren, huet den ADR Deputéierten zeréck gewisen. Seng Geheimdéngscht Aktivitéite wäre just bis 1989-90 gaang an hie wär eréischt 2008 Member vun der ADR ginn.
Et géif also absolut kee Lien ginn.
D'Land schreift och, datt de Marco Mille a seng Leit Dossiere vu politesche Perséinlechkeeten zesumme gestallt hunn - meeschtens där, déi dem Premier Jean-Claude Juncker no stoungen - an esou versicht hunn, de Regierungschef ze destabiliséiere mat finanz-politeschen Affären. De Jean-Claude Trichet, fréiere President vun der Europäescher Zentralbank, war zum Beispill am Viséier vum SREL.
De Marco Mille, fréiere Chef vum Geheimdéngscht, gëtt iwwregens um Freideg nach eng Kéier an enger ëffentlecher Sëtzung vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gehéiert. Duerno dann gëtt de fréieren Adjoint vum SREL Direkter, de Robert Rollinger als Zeien gehéiert.
Am Virfeld vun der Auditioun vum Marco Mille, dee jo 2007 heemlech e Gespréich mam Staatsminister enregistréiert hat, publizéiert um Freideg d'Land e längeren Artikel, wouranner duergeluecht gëtt, wéi dee Mann, deen 2003 SREL-Direkter gouf, probéiert hätt de Regierungschef duerch finanz-politesch Affairen wéi Elf a kongolesesch Konten ze destabiliséieren.
Alles an allem wier de Marco Mille och nach extrem jonk gewiescht, wéi hie mat 40 Joer den héije SREL-Posten iwwerholl huet, aner Kandidaten, déi dem Land no, op mannst genee esou gutt fir deen Job a Fro komm wieren, ware Leit wéi Georges Heisbourg, Jean-Jacques Welfring oder och nach den Alhonse Berns...datt de Choix vum Premier Juncker op de Marco Mille gefall wier, hätt sech kee konnten erklären.
Rieds geet am Artikel vun engem Marco Mille, deen e Sënn vu Staats-Interessen gehat hätt, déi éischter elastesch bis opportunistesch gewiescht wieren an deen de Frank Schneider als eng Zort „Aide de Camp“ designéiert hätt. Nieft deieren däitsche Luxus-Ween, déi via de SREL u britesch Agente verkaf goufen, georgeschen Affairen an dem frëndschaftleche Kontakt tëscht Marco Mille a Fernand Kartheiser kënnt d'Land-Journalistin zur Conclusioun, datt sech den Ament all Mënsch beim SREL géif en Affekot sichen... all Secrete vum SREL wieren op alle Fall nach net opgedeckt.