Biever vs Frieden: DP wëll nächst Woch Vertrauensfro stellen

© Ryck Thill
D'DP ass erféiert a wat fir engem Mooss d'Vertrauen tëscht der Regierung, der Chamber an och der Justiz gelidden huet.
Fir weidere Schued fir onse Rechtsstaat ze verhënneren, fir de Bierger d'Méiglechkeet ze ginn verluerent Vertrauen an d'Institutiounen zréckzegewannen a fir Konditiounen ze schafen fir datt d'Land sech mat ganzer Kraaft allen Erausfuerderungen ka stellen, wëll d'DP déi nächst Woch d'Vertrauensfro an der Chamber stellen.
Och d'Piratepartei fuerdert d'Vertrauensfro an de Récktrëtt vum Luc Frieden.
Ganz brisant Reunioun vun der Justizkommissioun an der Chamber: Et bleift Ausso géint Ausso an awer geréit de Luc Frieden ëmmer méi ënner Drock. Wéi de Gast Gibéryen an engem éischten Interview sot, huet de Robert Biever e Freideg de Moie seng grave Reprochë géint de Luc Frieden a senger Funktioun als Justizminister widderholl an de op en Neits an der Bommeleeëraffär belaascht.
Den CSV-Minister hätt ëmmer rëm zanter 2001 intervenéiert a gefrot datt de Bommeleeërdossier zougemaach géif ginn, dëst beim Procureur a bei der Untersuchungsriichterin Doris Woltz. Déi Doris Woltz gouf um Freidegmoien spontan an d'Kommissioun geruff fir och gehéiert ze ginn.

© Ryck Thill
De Luc Frieden hätt an der Kommissioun zu kengem Ament dat dementéiert wat de Robert Biever do ausgesot huet, sou nach Gast Gibéryen, deem senger Meenung no de Luc Frieden als Minister net méi drobar ass. Sollt de Jean-Claude Juncker wierklech drop halen, datt d'Bommeleeëraffär opgekläert muss ginn, misst hie konsequenterweis säi Justizminister entloossen, sot den adr-Deputéierten.
De Luc Frieden sot op déi Reprochen hin, hie kéint sech net méi richteg erënneren.
Luc Frieden: D'Madame Woltz huet gesot, ech hätt se anscheinend eng Kéier gefrot wéini déi Affär op en Enn kënnt. An ech mengen dat ass eng legitim Fro, déi ech op ville Plazen och aner Leit gefrot hunn, net am Sënn "klasséieren", well klasséieren heescht, datt een eng Affär net weider dreift. Dat ass eng juristesch Nuance, déi ganz wichteg ass.
Weider sot de Luc Frieden hie géif net kontestéieren, dass dat Gespréich mat der Madame Woltz statt fonnt hätt, mä hie kéint sech eben net méi erënneren. D'Fro wier drop bezu gewiescht, dass et sou vill Aarbecht wier, wéini een da mat der Bommeleeëraffär op en Enn géif kommen.
Dacks an esouguer ganz dacks hätt hien déi Fro gestallt. Wéi et schéngt sot de Robert Biever e Freidegmoien an der Kommissioun, hien hätt schonn Angscht gehat wann hien dem Luc Frieden dobaussen op der Strooss begéint ass, dass hien elo erëm domatter géif ufänken. En Donneschdeg sot de Luc Frieden am RTL Interview hien hätt sech Suerge gemeet, dass aner Affairë wéinst der Bommeleeër-Enquête kéinte leie bleiwen, zum Beispill d'Affaire Luxair-Accident.
Robert Biever: D'Luxair-Accident krut Retarden, well do komplizéiert Expertisen ze maache woren... A Retarden duerch eng ganz Rei vu Recoursen op een deen, deen oder deen misst beschëllegen oder net. Reng, an hei geet et jo just ëm d'Acten, an notamment vun der Police judiciaire, déi woren an der Affär vun der Luxair extrem limitéiert. Dee Verglach do, dee wor onglécklech.
D'Regierungsparteien CSV an LSAP schwätzen vun Interpretatiounsdivergenzen, gesinn dat ganzt also net grad esou schlëmm, ganz anescht de Xavier Bettel vun der DP, dee sech op d'mannst ee Mea Culpa vum Minister Frieden erwaart hat.
Xavier Bettel: Nee, virun iech steet en nees hei, a seet ech hu mer näischt virzewerfen. Dat ass dat, wat mech an der Politik stéiert, dass een net bereet ass heiansdo ze soen "ok ech hu vläicht eppes gemaach, wat net an der Rei war. Ech stinn dann hei, an entschëllegt..." dat kënne verschidde Leit net an dat stéiert mech.
Eng Entschëllegung geet dem Serge Urbany vun déi Lénk net duer.
Serge Urbany: Den Här Frieden huet Mëscht gebaut, an där doter Affär. E muss zrécktrieden och wann en haut net méi dee Ministerposten do huet. Et ass eng wichteg Affär, déi dee Schrëtt do verlaangt. An ech mengen och den Här Juncker muss ganz kloer Fuerf bekennen an där doter Affär, wat hien dovunner hält.
An och de Felix Braz ass enttäuscht vum Minister Luc Frieden.
Felix Braz:Dat bedeit fir mech, dass de Minister deemools säi Rôle deen en ze spillen hat, net gespillt huet. En huet seng Verantwortung do net iwwerholl. En huet déi Ënnerstëtzung déi en ze ginn hat, net ginn. Dat ass fir mech e grave Fait, well déi Affär hei och sech gedréint huet ëm Institutioune vu Lëtzebuerg. Et ass keng Affär wéi déi aner. Et ass ëm d'Muecht vun eiser Gesellschaft gaangen... ëm verschidden Institutiounen an de Minister huet a mengen Aen do versot.
A wat seet de Robert Biever zu de ganzen Interpretatiounsdivergenzen?
Robert Biever: Ma wat wëllt der hunn? Wéi ass et am Tintin... "c'est mon opinion et je la partage"
Blo a Gréng si skandaliséiert a wëllen elo mol nach mat hire Fraktiounen iwwer eventuell Konsequenze schwätzen.
Déi Gréng froen elo, datt d'Chamber an enger Plenarsëtzung en ëffentlechen Debat iwwert dem Luc Frieden säin Exercice als Justizminister vun 1998-2006 a seng Responsabilitéiten am Kader vun der Bommeleeërenquête.
D'Jongsozialiste froen d'Demissioun vum Luc Frieden an engem Communiqué. Si hätten a Vertraue verluer. De Luc Frieden misst Verantwortung iwwerhuelen. Der Mammepartei LSAP, stellen d'Jongsozialisten d'Fro wéi laang se deem Spektakel nach nokucke wëllen an op net eng Kéier den Zäitpunkt komm wier, fir eng Regierungsbedeelegung z'iwwerdenken, am Sënn vum Rechtsstaat.
De Luc Frieden wollt d'Enquête ni verhënneren an d'Affaire net klasséiert gesinn, sot de Jean-Claude Juncker. De Xavier Bettel huet jo gemengt, de Minister Frieden misst sech awer op d'mannst entschëllegen, wann hie falsch verstane gouf. Dat fënnt de Premier elo eigentlech net. Hien ass sech awer sécher, datt a senge Gespréicher mam Luc Frieden respektiv dem Robert Biever kloer erauskoum, datt d'Enquête misst virugedriwwe ginn.
Iwwerrascht ass de Staatsminister och driwwer, dass de Procureur Général Robert Biever observéiert gouf an an eng Fal sollt gelackelt ginn. Hie wier doriwwer net informéiert ginn. Et wiere scheinbar inadmissibel Methoden gebraucht ginn, déi natierlech seng komplett Ofleenung fannen.
Bommeleeër/SREL an ëmmer steet d'Regierung an domatter och de Staatsminister an der Schosslinn. De Jean-Claude Juncker leit dorënner an ass immens verdrësslech. Jiddweree géing alles kommentéieren, just hie misst de Mond halen. Dat géif him net gefalen. De Premier huet d'Flemm mat der Saach, well hie géing mierken, datt si him géing schueden, ma hie kéint eben net all Nouvelle direkt kommentéieren.
De Staatsminister ass sech bewosst, dass seng Credibilitéit an der Lescht immens gelidden huet, wéi gesot ouni, dass hie sech richteg ka wieren.