Enquêtekommissioun: Mille a Rollinger als Zeie gehéiert

De SREL huet am Kader vun der Bommeleeëraffär keng Oberservatiounen op Enquêteuren an de Procureur ordonnéiert, dat huet de fréiere Chef vum Geheimdéngscht Marco Mille an der parlamentarescher Enquêtekommissioun um Freideg ausgesot.
Hien hätt keng Observatioun géint de Procureur oder Bommeleeër-Enquêteuren an Optrag ginn, sot de fréiere SREL-Chef. Méiglech wiere se trotzdem gewiescht.
De Marco Mille, fréiere Chef vum Geheimdéngscht, gouf um Freideg vu 14 Auer un nach eng Kéier an enger ëffentlecher Sëtzung vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gehéiert. Wéi schonn am Virfeld ugedeit, gouf déi Iwwerdroung kuerz nom Ufank just am Toun gemaach.
Géint 14.30 Auer huet de Gilles Roth (CSV) eng "Interruption de séance" gefrot, doropshi gouf de "huis clos" decidéiert an esouguer den Zeie Marco Mille huet mussen eraus ...
Kuerz drop gouf d'Iwwerdroung am Toun awer nees fortgesat.
Laang an am Detail ass de fréiere Chef vum Geheimdéngscht vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun fir de SREL ausgefrot ginn. Virop hat de President vun där Kommissioun, den Alex Bodry, insistéiert, datt d'Kommissioun näischt anescht wéi déi ganz Wourecht wéilt héieren.
A Saachen Observatioun vum Procureur a vun den Enquêteuren aus der Affär Bommeleeër war de Marco Mille formell: Hien hätt keng där Observatiounen an Optrag ginn, kéint awer net ausschléissen, datt ee Member vum SREL e Privatdetektiv mat esou enger Missioun chargéiert hätt. D'Hierarchie hätt ëmmer rëm matkritt, datt Abuse bedriwwe gi sinn, huet de Marco Mille zouginn. Et wieren ëmmer rëm Klengegkeete virkomm, ma och eenzel gréisser Geschichten.
Wat d'Fro vun engem Lien tëscht dem Stay Behind an de Bommeleeër ugeet, sot de Marco Mille, datt dat eng Aarbechtshypothèse war.
Wat de fréiere Chef vun der Chambre des Comptes, Gérard Reuter, ugeet, sot de Marco Mille, datt hie keen offiziellen Informant vum SREL war, mä datt de fréieren Agent André Kemmer hien op senger privater Lëscht als Informant opgelëscht hat. Et wier och den André Kemmer gewiescht, deen arrangéiert hat, datt de Gérard Reuter an enger Wunneng vum SREL liewe konnt, dat als Bezuelung fir seng Déngschter. De Marco Mille huet formell ofgestridden, domat eppes ze dinn ze hunn.
De Méindeg de Moie gëtt de Gerard Reuter vun der Enquêtekommissioun gehéiert.
Géint 16.30 Auer war d'Auditioun vum Marco Mille fäerdeg - et dierft seng lescht gewiescht sinn. No der Auditioun hunn d'Membere vun der Kommissioun festgestallt, datt sech zwar wuel weider Puzzlestécker en place gesat hunn, mä datt op ville Punkten Ausso géint Ausso steet an datt et ganz schwéier wäert ginn ze tranchéieren, wien dann elo wierklech näischt anescht ewéi d'Wourecht gesot huet, esou wéi sech d'Enquêtekommissioun dat gewënscht huet.
Nach een Zeien
Nom Marco Mille war de fréieren Adjoint vum SREL-Direkter, de Robert Rollinger, drun, fir als Zeie gehéiert ze ginn.
Hie gouf bis bal 17.30 Auer gehéiert an ass virun allem op d'Manéier, ewéi de Geheimdéngscht geschafft huet, agaangen.
Artikel am Land
Am Virfeld vun der Auditioun vum Marco Mille, dee jo 2007 heemlech e Gespréich mam Staatsminister enregistréiert hat, huet um Freideg d'Land e längeren Artikel publizéiert, wouranner duergeluecht gëtt, wéi dee Mann, deen 2003 SREL-Direkter gouf, probéiert hätt, de Regierungschef duerch finanz-politesch Affairen wéi Elf a kongolesesch Konten ze destabiliséieren.
Alles an allem wier de Marco Mille och nach extrem jonk gewiescht, wéi hie mat 40 Joer den héije SREL-Posten iwwerholl huet; aner Kandidaten, déi dem Land no, op mannst genee esou gutt fir deen Job a Fro komm wieren, ware Leit wéi Georges Heisbourg, Jean-Jacques Welfring oder och nach den Alhonse Berns ... Datt de Choix vum Premier Juncker op de Marco Mille gefall wier, hätt sech kee konnten erklären.
Rieds geet am Artikel vun engem Marco Mille, deen e Sënn vu Staats-Interessen gehat hätt, déi éischter elastesch bis opportunistesch gewiescht wieren, an deen de Frank Schneider als eng Zort „Aide de Camp“ designéiert hätt. Nieft deieren däitsche Luxus-Ween, déi via de SREL u britesch Agente verkaf goufen, georgeschen Affairen an dem frëndschaftleche Kontakt tëscht Marco Mille a Fernand Kartheiser kënnt d'Land-Journalistin zur Conclusioun, datt sech den Ament all Mënsch beim SREL géif en Affekot sichen ... all Secrete vum SREL wieren op alle Fall nach net opgedeckt.