D'Présidentekonferenz huet e Méindegmoie festgehal, dass et en Donneschdeg een Debat gëtt iwwert d'Fro, ob de Luc Frieden sech an d'Justiz agemëscht huet.

Et gëtt keen eigentleche Modell, wéi eng Prozedur d'Chamber respektéiere muss.

De leschte Freideg haten de Procureur d'Etat an eng Untersuchungsriichterin jo an der Justizkommissioun declaréiert, si hätten ee gewëssenen Drock gespuert den Dossier Bommeleeër zouzemaachen.

Am Kader vun deem Debat komme fir d'éischt emol di Gréng an d'DP zu Wuert an duerno di aner Parteien an dann d'Regierung an der Persoun vum fréiere Justizminister Luc Frieden a vum Premier Jean-Claude Juncker. Dem Fraktiounschef Claude Meisch no, ass d’Majoritéit sech net bewosst, wéi eescht d’Situatioun ass.

AUDIO: De Claude Meisch
AUDIO: De Lucien Lux

Um Enn gëtt iwwert d'Motioun vun deene Grénge ofgestëmmt wou et ëm d'Vertrauen an de Luc Frieden geet an iwwert déi vun der DP, déi sech mam Vertrauen an di ganz Regierung beschäftegt.

Biever vs Frieden
De Luc Frieden kritt jo vum Robert Biever reprochéiert hien als Justizminister wëlle beaflosst ze hunn. De Luc Frieden soll d'Justiz ënner Drock gesat hunn d'Bommeleeërenquête ad acta ze leeën. Procureur an Untersuchungsriichterin hätte sech alleng gelooss gefillt. De Minister huet d'Reprochen e Freideg op en neits vu sech gewisen.

D'DP huet ugekënnegt d'Vertrauensfro stellen ze wëllen. Déi sëllech Affairen ëm de Geheimdéngscht an d'Bommeleeër hätten zu engem immense Vertrauensverloscht vun de Bierger an d'Institutiounen an an d'Regierung gefouert. Eng Regierung misst awer iwwer all Zweiwel stoen, heescht et am Communiqué vun de Liberalen.

Déi Gréng haten e Freideg och scho gefrot, datt sech de Luc Frieden an enger ëffentlecher Sitzung an de Chamberplenum erkläre kënnt.

Adr, déi Lénk, déi Jonk Gréng, Jongsozialisten an d'Piratepartei fuerderen de Récktrëtt vum CSV-Minister.