An der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht war e Méindegmoien d'Auditioun vum Gérard Reuter, net wéi geplangt ëffentlech, mä am "Huis clos".

De Gérard Reuter ass de fréiere President vun der Chambre des Comptes dee fir de SREL geschafft huet an dee vum SREL eng Wunneng bezuelt krut.

Des Sëtzung sollt eigentlech ëffentlech sinn, den Zeien huet allerdéngs direkt um Ufank de "Huis clos" gefuerdert an d'Kommissioun huet deem Rechnung gedroen.

D'Auditioun vum Gérard Reuter huet net vill neies erbruecht. De Commissiounspresident Alex Bodry sot duerno:

AUDIO: Den Alex Bodry no der Auditioun vum Gérard Reuter

Den Alex Bodry huet duerchblécke gelooss, datt hien net wéist, wien an all dësen Dossieren den Ament d'Wourecht seet oder net.