André Kemmer: Vum Wirtschaftsministère nees bei d'Police

Enn vum Detachement vum Ex-SREL-Member an de "Ministère de l'Économie et du Commerce extérieur", dat huet de concernéierte Ministère selwer decidéiert.
Den André Kemmer, deen eng vun den zentrale Figuren am Dossier Geheimdéngscht ass an och schonn e puer Mol vun der Enquêtekommissioun "Geheimdéngscht" vun der Chamber, gëtt elo nees zeréckaffektéiert u seng ursprénglech Administratioun an dat ass d'Police grand-ducale.
Am offizielle Schreiwes heescht et um Méindeg, 10. Juni kuerz viru Mëtteg:
Fin du détachement d’André Kemmer au ministère de l'Économie et du Commerce extérieur
Il a été décidé de mettre un terme au détachement d’André Kemmer au ministère de l’Économie et du Commerce extérieur. Il sera réaffecté à la police grand-ducale, son administration d’origine.