R. Biever op 100,7: SREL huet u Pädophilie-Dossier geschafft

An engem Interview um 100,7 huet de Procureur général Robert Biever gesot, dass de Geheimdéngscht op engem Pädophilie-Dossier geschafft huet.
Et hätt sech ëm d’Operatioun „Catana“ an de Joeren 2005 an 2006 gehandelt.
Am Viséier war ënnert anerem de Robert Biever selwer. De Geheimdéngschtagent André Kemmer hätt vun op mannst zwou Sourcen Informatioune kritt an déi Leit och bezuelt.
De fréiere Chef vum SREL Marco Mille hätt och Bescheed gewosst.
Dat ganzt wier nett acceptabel an vun enger ongehéierlescher Gravitéit. Et hätt sech ëm den Exzess vu Muecht gehandelt a wier illegal an och illegitime.
De Procureur général wëll, dass d’Leit vum SREL elo alles auspaken. Et géif ëm seng Éier goen an déi vun anere Leit.
Et géif sech och d‘Fro vun der politescher Responsabilitéit a Kontroll stellen.
De Staatsminister hätt vun där Rumeur gewosst, wahrscheinlech vum SREL selwer, mä hätt net vill drop ginn.
Et geet an Direktioun Staatsaffär
Dat war d'Reaktioun vum Alex Bodry dorop datt de Procureur général Robert Biever nach eng Kéier op dës Saach zeréckkomm ass. No der Auditioun vum Gérard Reuter ass den Alex Bodry vu Journalisten no der Pädophilie-Affair gefrot ginn.
Den Alex Bodry huet gemengt, dat wier ganz grave, wann dat sou wier, an déi géif deen Dossier eng ganz nei Dimensioun kréien. Dat wieren Infoen, déi si bis elo net haten.