Nodeems fir d'Enquêteure kloer war, dass Indicen op d'Brigade mobile vun der Gendarmerie weise géifen, hu si en Historique vun der BMG gemaach.

D'Geschicht vun der Brigade mobile war um 45. Prozessdag de grousse Sujet am Bommeleeër-Prozess. D'Brigade mobile, aus deeër jo déi zwee Ugeklote kommen, d'Brigade mobile, déi mat groussen Zieler ugefaang huet a ganz séier awer zevill banal ginn ass.

D'Brigade mobile vun der Gendarmerie, déi ass jo 1978 konzipéiert an am September 1979 richteg gegrënnt ginn a se huet sech am Laf vun den éischte 5 Joer staark verännert. Wat ugefangen huet als soudéierten Elite-Grupp ass no a no zerbréckelt an huet am Januar 1985 scho misse biedelen weider an iwwerhaapt erëm als Elite-Trupp behandelt ze ginn.Et schéngt es wéi wann d' Problemer all mateneen mam neie Chef ugefaang hätten. Well wéi de Ben Geiben am August 1982 fortgaang ass vun der Brigade mobile, do huet e scho senge Cheffen geschriwwen, d'Brigade mobile bréicht méi Personal a méi Material a wéi de Pierre Reuland als neie Chef bis do war, du sinn och d'Problemer komm. Den neie Chef war eben net deen alen. Wou de Ben Geiben nach mat senge Leit duerch de Bulli gerobbt ass an ëmmer um Terrain war, do huet de Pierre Reuland dat alles aus der Distanz wëlle féieren. Den ugeklote Marc Scheer, sot de Pierre Reuland hätt keng Erfahrung gehat an hätt geduecht e kéint dat duerch seng Positioun wett man. Déi éischt Leit hunn och du schonn d' Brigade mobile verlooss: de Jean-Marie Peters wier wéint Insubordination erausgehäit ginn an de Claude Majerus wier demotivéiert a flemmseg gewiescht. Méi spéit wollten och d'Brigadiste Scheer, Wilmes a Berscheid goen – ouni datt et awer dozou komm ass. Et gouf also keng Cohesioun méi an der Brigade mobile, huet de Gaston Vogel dat resüméiert, et war nach just Mëscht gewiescht. A keen huet am Geriicht widdersprach.

Interessant dunn e Bréif, deen de Pierre Reuland e puer Méint virun den Attentater am Januar 1985 geschriwwen huet. Hie beklot sech doranner am wesentlechen, datt d'Brigade mobile ënnerbesat wier an datt se lues a lues als Reserve-Trupp vun der Gendarmerie behandelt giff ginn a net méi als Elite-Trupp. Et misst een zu Cabasson vill ze vill dacks d'famille grand-ducale an am Land europäesch Sommete bewaachen an et wéilt een onbedéngt erëm als Elite-Corps behandelt ginn – och fir datt d' Gangsteren erëm Respekt virun deene Spezial-Gendarmen hätten. Et misst ee bei déi ursprénglech Zieler vun der Brigade mobile zeréckkommen, d.h. d' Bekämpfung vum Terrorissem a vun der grousser Kriminalitéit.

Geschriwwen am Januar 1985, vum Pierre Reuland.

Tëschenduerch dann nach en Intermezzo: Procureur, Riichterin an Defense hu sech ze soe Rendez-vous ginn, fir als Trio déi vergiesslech héich fréier Offizéier muscléiert ze befroen, wann déi dann als Zeien, irjendwinni an der Zukunft, aussoe mussen. An d'Riichterin sot mat hirem speziellen Humor, hoffentlech giff et dann moyens de guérison géingt d'Amnesie ginn.

Bommeleeër-Prozess: Manktem u Moyene bei BMG
Nodeems fir d'Enquêteure kloer war, dass Indicen op d'Brigade mobile vun der Gendarmerie weise géifen, hu si en Historique vun der BMG gemaach.