Huet d’Parlament nach Vertrauen an de Minister Luc Frieden respektiv an di ganz Regierung? Déi Fro gëtt en Donneschdeg am Plenum vun der Chamber gestallt.

Ausléiser waren d’Aussoen de leschte Freideg vum Procureur d’Etat a vun der Untersuchungsriichterin Doris Woltz. De Luc Frieden hätt a senger Zäit als Justizminister Drock op si gemaach, fir d’Bommeleeërenquête zouzemaachen. Wéi d’Oppositioun zur Regierung steet, ass an dësen Zäite relativ kloer an dass d’CSV ëmfält ass sech och net virzestellen.Decisiv ass also d’Behuele vun der LSAP. Halen déi Rout weider un der Koalitioun an domat der CSV fest, oder ass den Ament komm fir de séchere Wee ze verloossen.

Wann een den Aussoe vum LSAP-Fraktiounschef Lucien Lux dierf gleewen, ass nach näischt decidéiert. Wat d’Entwécklung de leschte Freideg ugeet, war hien awer nawell däitlech. Et géif ee Malaise tëscht de Gewalte ginn. De Minister misst elo eng kloer Sprooch schwätzen. D’LSAP géif den Ënnerscheed maachen tëscht serieuxë politeschen Demanden a polemescher Parteipolitik. D’Decisioun jiddefalls géif en Donneschdeg falen.

De Koalitiounspartner schwätzt also vun enger Staatsaffär, an engem Service, deen net nëmmen ënnert der Responsabilitéit vun der CSV, mä vum Staatsminister läit. Dee selwer, an och de Luc Frieden huelen en Donneschdeg am Parlament Stellung.

No der Debatt stëmmt d’Chamber iwwert eng Motioun vun deene Gréngen of, wat d’Vertrauen an de Luc Frieden ugeet. D’DP léisst d’Vertrauensfro fir déi ganz Regierung stellen. Béid Parteie fannen et iwwregens skandaléis, dass d’Diskussioun eréischt en Donneschdeg ka gefouert ginn, mam Argument dass de Premier op Visite a Griichenland ass. Eng institutionnel Kris ass méi wichteg wéi eng Aarbechtsvisite, schreift d’DP an engem Communiqué.

Déi Lénk weise sech schockéiert iwwert déi neisten Enthüllungen am Zesummenhang vun den Iwwerwaachunge vum an den Ermëttlunge géint de Procureur Général Robert Biever.

Wa souguer de Procureur Général Affer vun illegale Schnüffeleie gi wier, da kéint een dovunner ausgoen, dass d'Ausspionéierenvum Privatliewe vun anere Bierger grad sou zum Alldag vum SREL gehéiert hätt, oder nach géif gehéieren, sou déi Lénk an engem Communiqué.

Grad esou wéi d'DP schwätzen och déi Lénk an engem Communiqué vun enger institutioneller Staatskris, wéi et se nach ni virdru ginn hätt.

Dofir fuerderen déi Lénk de Récktrëtt vun der Regierung an Neiwahlen an dass de Geheimdéngscht direkt opgeléist gëtt. Donieft missten all Dokumenter vum Geheimdéngscht fir déi parlamentaresch Kontrollkommissioun a fir d'Justiz zougänglech gemaach ginn.

DP stellt Vertrauensfro
Den nächsten Dënschden gëtt an der Chamber iwwert d'Affaire Biever/Frieden diskutéiert. DP fuerdert Récktrëtt vu Regierung.