De Finanzminister Luc Frieden ass rosen an entsat iwwert déi rezent Virwërf géint hien. Hien gesäit dës Ugrëff als Attacken op seng Éier.

De Procureur Général Robert Biever gehäit dem Minister jo vir, a senger Zäit als Justizminister probéiert ze hunn, d'Ermëttlungen am Bommeleeër-Dossier ze beaflossen.

Dat hätt hien ni gemaach a sollt hie falsch verstan gi sinn, géif hien dat bedaueren, sou de Luc Frieden dee seng Emotiounen während dem Interview net verstoppe konnt. De Luc Frieden huet vun enger Attack op seng Éier geschwat an drëm gefrot, datt sengen Aussoen d'selwecht gegleeft ginn wéi deene vun anere Leit.

Et géif vu groussen Deeler vun der Oppositioun einfach probéiert ginn Leit futti ze maachen, ouni sech mat der Saach ze befaassen, sou d'Kritik vum Luc Frieden deen och insistéiert huet datt hien d'Accusatiounen sou net op sech sëtze wëll loossen. Alleguerten déi Accusatiounen missten objektiv iwwerpréift ginn. Donieft misst ee sech d'Fro stellen firwat d'Reprochen lo réischt geäussert ginn. An iwwerhaapt hätt hien dat och ganz anescht gemaach, wann hie wierklech hätt wëllen Drock ausüben.

De Minister huet sech am Interview richteg schockéiert gewisen.

AUDIO: De Luc Frieden

Dat wichtegst wier awer datt d'Institutiounen hei am Land respektéiert ginn an net futti geriet ginn.

De Luc Frieden am Interview bei RTL Tëlee Lëtzebuerg
.