De Verbatim vun der Sëtzung vun e Freide vun der Commission juridique ass elo um Chamber-Site public gemaach ginn. En ass och ze fannen op RTL.lu.

Datt d'Matschrëft public gemaach sollt ginn, dat haten d'Membere vun där Kommissioun en Dënschdeg de Moien eestëmmeg decidéiert, wéi de President Gilles Roth no där Reunioun sot.

AUDIO: Biever vs Frieden: Den Nico Graf iwwert de Verbatim

An der Sëtzung vun e Freiden haten de Procureur général d'Etat Robert Biever an de fréiere Justizminister Luc Frieden jo ënnerschiddlech Vuen iwwert d'Ënnerstëtzung oder net vun der Justiz duerch den deemolege Minister an der Enquête Bommeleeër.

AUDIO: De Reportage vum Eric Ewald (11/06/2013 - 12h30)

De Robert Biever an d'Untersuchungsriichterin Doris Woltz kruten de Verbatim zougestallt: Géint 16 Auer goung en um Internetsite vun der Chamber online - en Dokument, dat och elo op RTL.lu ze fannen ass.

De Luc Frieden am Interview bei RTL Tëlee Lëtzebuerg
.

D'Analys vum Nico Graf

Déi wichtegst Stëmm an deem ganze Verabtim ass vläit déi vun der Juge d'instruction Doris Woltz, ebe well si an der Bommeleeër-Saach an och an dësem spezielle Fall ni ze héiere war. Si huet de Luc Frieden op der Feier fir déi 50 Joer vum Conter Basket am Summer 2006 begéint, wéi si zwee aus der Hal erausgaange sinn. Et wier e kuerzt Gespréich gewiescht, dat si markéiert hätt. D' Gespréich ass relativ séier op den Dossier BL komm - Zitat: den Herr Frieden huet mech gefrot, wéini da géif zougemat ginn

... an e weidert Zitat:

An et huet mech ebe markéiert, well et just dorëms gaangen ass an ëmmer erëms dorëms gaangen ass, wéi laang dat nach géif goen, wéi laang deen Dossier dann nach op wär a wini en dann eng Kéier géif zougemaach ginn. Ouni elo ze soen: „Maacht en zou.“ Dat ass och net gesot ginn. Dat ass secher.

Et war awer just fir mech - an dat soen ech einfach, well dat mech perséinlech getraff huet -, wéi ech heemgaange sinn, war ech erschloen. Ech soen dat, well ech dat esou emfonnt hunn. Dat war fir mech alt erëm déi x-te Confirmatioun an deem Dossier, dass do keen Appui do ass. Do ass net fir mech déi Ënnerstëtzung, déi ech mer an all deene Joren erwaart hunn an deem Dossier. Déi war net do. (Enn vum Zitat)

D'Doris Woltz seet also, et hätt keen Appui ginn, deen Eenzegen, dee sech ëmmer viru si gestallt hätt, wier de Robert Biever gewiescht a soss keen, soss guer keen, insistéiert si. An op enger anerer Plaz seet de Robert Biever, et hätt och kee Merci a keen Encouragement ginn. D'Impressioun, déi sech op deem Punkt aus den Aussoe vun den zwee Magistratseën ergëtt, ass déi, datt se sech am Stéch gelooss gefillt hu vum Justizminister an deem Dossier, deen – dat gëtt ganz dacks gesot – keen Dossier wéi en anere wier, well et ëm de Fonctionnement vun den Institutioune geet. A well den Dossier e schlechte Geroch hätt, seet de Procureur général.

Frappant: De Luc Frieden seet, hie kéint sech un dat speziellt Gespréich mat der Juge d' instruction net erënneren. Et gëtt dann tëschent dem Luc Frieden an dem Robert Biever hin- an hier-diskutéiert, wéi dacks de Luc Frieden da wuel gefrot hätt op den Dossier op en Enn kéim. Regelméisseg vum Joer 2000 un war dat de Fall, seet de Robert Biever, heiansdo seet de Luc Frieden. Dee sech presentéiert als d'Vox populi, verstan wéi d'Stëmm vun deene Leit, déi näischt méi wéilten héieren iwwer den Dossier Bommeleeër. De Luc Frieden sot och an der Commission juridique näischt anescht wéi a senge ville rezenten Interventiounen an deeër Saach, nämlech datt et him ëm e méi schëtzege Fonctionnement vun der Justiz gaang wier. Mä hien hätt ni wëlle Pressioun man an hie wéilt och datt déi Affär sollt opgekläert ginn.

An deem Verbatim geet et och ëm aner Sujeten: relativ laang zum Beispill ëm de faméise Reclassement vum Policedirecter Pierre Reuland. D'Doris Woltz seet och nach, et wier onglécklech gewiescht, datt de Luc Frieden seng zwou Ministerkapen – Police a Justiz – deemools ophat. An de Robert Biever betount och, hie wier ni an Thailand gewiescht.

Also ganz vill Punkten aus de leschten Deeg ginn ugeschnidden ...

Hei Extraiten aus dem Verbatim:

Säit 6 a 7 gëtt de Robert Biever esou zitéiert:

Bon, wéi gesot, déi Saache sinn ёmmer erёmkomm. D’Fro elo: Wor et en Drock? En Uerder kann en, de Minister, Gott sei Dank net gi fir opzehale mat enger Enquête. Bon.

E wor net frou iwwert d’Enquête, en hätt léiwer gehat, wéi gesot, mir géifen ophalen. Ech hunn der Madame Woltz an den Enquêteuren dat och ёmmer gesot, an déi hu gesot: „Jo! Mir géifen och léiwer ophalen! Déi Affär hei ameséiert ons guer net esou! Mä da soe mer awer, wéi datt et ass. Mir halen net op, well mir fannen, mir musse mat där Affär do weiderfueren.“

Ass dat en Drock? Dat kann een eigentlech op zwou Manéiere gesinn: Engersäits fannen ech - et gёtt och Leit, déi anerer Meenung sinn -, datt och e Justizminister kann eng Meenung äusseren. Et ass bei ons - Parquet, hierarchiséierte Betrib - net evident, a Frankräich ass dat en aneren Déngen, wou jo e Fangerzeeche vun dem Justizminister en Uerder ass. Dofir ass d’Justiz a Frankräich jo och an engem sensationellen Zoustand.

Hien huet probéiert, fir dat doten ze maachen. E kann net..., en huet ni gesot: „Haalt op domat!“ Dann hätt ech em och... Da wär et och relativ kloer ginn, well ee jo dann dorobber och iergendwéi och schrёftlech reagéiert hätt.

Et kann een... Dat weess ech net. Ech weess net, ob net méi e jonke Magistrat, dee seng Carrière viru sech hätt, wéi dee reagéiert hätt dorop. Hätt deen net och u seng Carrière geduecht a geduecht: „Oh, wann dat net esou gewёnscht ass, dann, mäi Gott net nach, jo, effektiv, et gёtt genuch Affären, an dann...“. Jo, dat ass esou!

Eng Affär wéi déi hei mécht net en Untersuchungsriichter eleng, deen net vum Parquet effektiv ёnnerstёtzt ass. Maacht Iech do näischt vir. Do soll ee sech näischt virmaachen! Dat
ass ganz kloer.

D’Madame Woltz an ech, mir stounge remarquabel eleng do. Well, do ass guer keen Zweiwel drun, den Här Klopp, deen huet och ёmmer gesot: „Oh, déi Affär do, et ass esou
laang hier!“ Du sot ech zum Här Klopp: „A wat sees de dann, wann eng Kéier Konte gefrot ginn?“ Dat wor meng Iwwerzeegung, permanent! Déi Affär hei, deen Dossier wor bis '93, '94 esou schwaach op der Broscht, datt et franchement e Skandal gewiescht wär. A mir hunn ёmmer gesot, ech hu gesot: „Dat do, dat - entschёllegt, entschёllegt - dat repst eng Kéier gewalteg!

A mir hunn d'Affär erёm ugefaangen an - et huet och elo net nach e Wäert, nach do... - nettement virun 2004, et ass ugaangen '98, mat engem Volet Geiben iwwregens, '97, '98, '99, dono ass et, 2001 an esou weider, virugaangen, also nettement virun der Serie vun RTL iwwer 20 Joer Bommeleeёr.

Fait wor, datt dat der Affär och indirekt en Opdriff ginn huet an deem Sёnn, datt ee jo do awer festgestallt huet, datt dat bei de Leit alleguer am Land - oder ganz ville Leit - zu Recht oder zu Onrecht e viven Intérêt suscitéiert huet.

Elo, wéi déi Demandё vun, déi Wёnsch vun dem Här Frieden, jo, iwwert d'Joren ouni déi Émissioune gaange wären, frot mech et net, ech weess et net!

Fro iwwert den Timing
Zënter de Virwërf géint de Luc Frieden, sech a senger Zäit als Justizminister an d'Affär Bommeleeër agemëscht ze hunn, ass och ëmmer méi dacks d'Fro opkomm, firwat de Robert Biever net éischter domat komm ass.

Am Wort erkläert de Procureur General um Mëttwoch, dass d'Ëmstänn dat esou erginn hätten. Déi wéineg Ënnerstëtzung vum Minister wier um Bord vum Bommeleeërprozess ernimmt ginn a wann een hien drop géif uschwätzen, da géif hie schliisslech net Nee soen, sou de Robert Biever. Virdrun wier déi ganz Saach keen Thema gewiescht.