Trotz verschiddenen Divergenzen hätt d'Cohesioun vum Grupp net gelidden, esou de Policeenquêteur Carlo Klein.

A sengen Ausféierungen iwwert d'Brigade mobile vun der Gendarmerie koum den Enquêteur Carlo Klein um Ufank vum 46. Dag am Bommeleeër-Prozess op d'Fro no der Cohesioun bannent der BMG zréck.

Déi zwee Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes hätte souguer wëlle versat ginn, fir géint d’Ofsetze vun engem Kolleg ze protestéieren, an d'Aarbechtskonditioune wäre schlecht gewiescht.

Nawell hätt d'Cohesioun vum Grupp net gelidden, obwuel et schlecht Relatioune mam Chef Pierre Reuland gouf. Deen hätt wëlle mat der BMG ophalen an eng Anti-Terror-Unitéit opbauen, sou de Policeenquêteur.

De Me Vogel freet doropshin, ob dat heescht: Wa mer net verstäerkt ginn, da knuppt et? Fir de Carlo Klein gëtt et do e kausalen Zesummenhank! D'Me Lorang huet dunn erkläert, dass, wéi d'Ugekloten hir Aussoe gemaach haten, Elementer géint si organiséiert, spréch konstruéiert gi sinn! De Me Vogel frot sengersäits, wou de Pierre Reuland dann op der Uklobänk séitz.

Fir d'Me Lorang goufen der zwee erausgesicht an déi aner alleguer vergiess. De Me Vogel huet iwwerdeems ugekënnegt, dass den Hierscht haart
gëtt; dat huet mat méigleche Kloe wéinst Entrave à la justice ze dinn!Dogéint wollt de Procureur Georges Oswald d'Reprochë vun den Affekoten un d'Enquêteuren net sou am Raum stoe loossen. Schliesslech hätt z.B. den Ugeklote Marc Scheer a Verhéier déi Aussoe gemaach, déi en ebe gemaach huet.

No der Sëtzungspaus huet de Carlo Klein eng Note de service vun 1984 iwwert de Recrutement fir d'BMG presentéiert. Den nächste Wanter gouf se ëm eng Persoun verstäerkt, wat wäit ewech war vun de Fuerderunge vum Pierre Reuland. Dem Enquêteur no gouf d'Brigade mobile personell ni richteg verstäerkt, soudass se net richteg asazfäeg war; si huet nämlech vill Persouneschutz gemaach a wéineg Training.

Am Juni 1985 huet de Pierre Reuland dunn en Interventiounstrupp gefuerdert, mat 160 Leit am Ganzen, déi a verschidden Unitéiten opgedeelt gi wären. De Colonel Wagner huet d'Rapporte vum Pierre Reuland allerdings eréischt op séngem leschten Aarbechtsdag un den zoustännege Minister viruginn; déi bloufen deemno méi laang am Tirang vum Colonel leien. Fir de Pierre Reuland hätt d'BMG hir Missiounen net méi kënnen erfëllen a géif sech vill méi lächerlech maachen

Bommeleeër-Prozess: Fro vun der Cohesioun an der BMG
Trotz verschiddenen Divergenzen hätt d'Cohesioun vum Grupp net gelidden, esou de Policeenquêteur Carlo Klein.