De Procureur général huet sech géint Pädophilie-Gerüchter gewiert an dono och kloergestallt, datt hien de Luc Frieden net wäisswäsche wollt.

"Ech hunn an de leschten Deeg vu ville Säiten Informatiounen doriwwer kritt, dass Politiker probéiere géifen, mam Pifffaass iwwert mech ze fueren a mech fäerdeg ze maachen": Mat deene Wierder huet de Procureur général d’Etat um Donneschdeg de Moien um Geriicht an der Stad seng um Mëttwochowend ugekënnegt Deklaratioun ugefaangen.

Robert Biever: Pädophilie-Gerüchter vum André Kemmer (SREL)
Déi ganz Deklaratioun vum Robert Biever um Donneschdeg, 13. Juni ëm 10h an der Cité Judiciaire.

De Robert Biever sot, him wär virgehäit ginn, am Kader vun enger presuméierter Pädophilie-Affär d’Hand iwwer 3 oppen homosexuell Leit ze halen: e Riichter (Michel Reiffers), en Affekot (Pim Knaf) an e Geschäftsmann (Max Stoisa).

Hie selwer wär dunn op eemol mat Pädophilie a Verbindung bruecht ginn, sou de Procureur général d’Etat, ma de fréiere SREL-Mann André Kemmer hätt keng Beweiser dofir kënne virleeën. Deen hätt déi Rumeuren trotzdem gestreet. De Robert Biever huet dat als "Sauerei" bezeechent.

Och ouni konkret Beweiser wär nawell vum Geheimdéngscht iwwert déi 3 Persounen an de Robert Biever enquêtéiert ginn; an deem Kontext koume Rumeuren op iwwer eng Thailand-Rees vum "pédophile notoire Biever", wéi den André Kemmer hie genannt huet, an iwwer pädophil Aktivitéiten zu Bréissel.

Dat wier esouguer esou wäit gaangen, datt de Premier eemol zu him sot: "Weess de schonn, datt s du e Puff zu Esch hues?" Dorop hätt hien, Robert Biever, mat eppes Ähnlechem ewéi "Du Rëndvéi" geäntwert ... a si hätten allebéid gutt gelaacht.

Frieden ouni Schold bei Faillen a Bommeleeër-Enquête

Wat d’Affär Bommeleeër ugeet, géif et, trotz objektive Schwieregkeeten, fir d’Land schwätzen, dass d’Enquête konnt op en Enn gefouert ginn. Dass se net komplett opgekläert gouf, wär ze bedaueren, mä dofir wär dem fréiere Justizminister Luc Frieden net d’Schold ze ginn, sou de Robert Biever.

AUDIO: R. Biever zum L. Frieden (1)
AUDIO: R. Biever zum L. Frieden (2)

Dat sot de Procureur ganz zum Schluss vu senger Deklaratioun an huet direkt fir "Interpretatiounsdivergenzen" gesuergt: Wollt de Procureur wierklech dem Minister Réckendeckung ginn oder wollt hie just ënnersträichen, datt d'Police der Justiz den Aarm net béie konnt, nodeems de Minister jo um Mëttwoch viru Geriicht mat de Wierder zitéiert gouf, wann et Krich tëscht Police a Justice géif ginn, da géif d'Justice verléieren.

Fakt ass, datt de Robert Biever just sot, de Minister Frieden hätt keng Schold, datt de Bommeleeër-Fall (nach) net komplett opgekläert ass - zu méiglechen Interventioune vum Minister op d'Justice, déi jo an der Lescht massiv thematiséiert goufen an ë.a. och déi 2 gréisst Oppositiounsparteien op de Plang geruff hunn, huet sech de Procureur net geäussert.

Kloerstellung Biever: Kee Wäisswäschen!

De Procureur Robert Biever huet am Laf vum Nomëtteg festgestallt, dass et him de Moien net drëm gaang ass, fir de Luc Frieden wäisszewäschen. Duerch d'Verhale vum Luc Frieden hätt d'Orientéierung vun der Enquête wuel net changéiert, mä et wier kloer, datt d'Enquête op materiellem Plang duerch d'Verhale vum deemolege Justizminister vill méi schwéier gi wier.

Meisch a Bausch reagéieren op Biever

D'Oppositiounsparteien hu schonn op d'Pressekonferenz vum Robert Biever reagéiert.

De Claude Meisch war virop schockéiert, dass de Robert Biever vun enger Diffamatiounscampagne aus politesche Kreesser geschwat huet.

AUDIO: Deklaratioun Robert Biever: Reaktioun Claude Meisch (1)

Och de François Bausch fënnt dat inacceptabel an ënnersträicht, dass déi Gréng keng esou Informatiounen erausginn hunn.

AUDIO: Deklaratioun Robert Biever: Reaktioun François Bausch (1)

Wat de leschte Saz vum Robert Biever ugeet, e géif dem Luc Frieden keng Schold ginn dass d'Bommeeleeëraffär net komplett opgekläert gouf, gesäit de Claude Meisch keen neit Element.

AUDIO: Deklaratioun Robert Biever: Reaktioun Claude Meisch (2)

Eng ähnlech Vue gëtt et bei deene Gréngen.

AUDIO: Deklaratioun Robert Biever: Reaktioun François Bausch (2)