Am Virfeld vun der Vertrauensfro en Donneschdeg an der Chamber gëtt den Drock op d'LSAP ëmmer méi grouss.

Ier en Donneschdeg an der Chamber d'Vertrauensfro an de Luc Frieden an an d'Regierung gestallt gëtt, wiisst den Drock op d'LSAP déi sech, eegenen Aussoen no, nach net positionéiert huet, wéi se en Donneschdeg ofstëmmt. Den Ament lafen nach d'Diskussiounen tëscht der Fraktioun an der Parteiexekutiv. D'Sozialisten wëllen hir Decisiounen réischt muer de Moien huelen.

Op mannst 3 Memberen vun der LSAP hunn awer schonn eng ganz kloer Meenung. An engem Bréif un de Parteipresident Alex Bodry, den LSAP-Fraktiounschef Lucien Lux an d'Memberen vun der Parteileedung, froen d'Taina Bofferding aus der Parteileedung a Gemengeconseillère zu Esch, de fréiere JSL-President a Member vun der Exekutiv Régis Moes an de President vun de Stater Sozialisten Franz Fayot, datt d'LSAP d'Dysfonktionnementer déi an der lescht bekannt goufen kloer an ëffentlech denoncéiert a bei der CSV intervenéiert fir datt de Finanzminister Luc Frieden zrécktrëtt. De Minister wier net méi ze halen, heescht et am Bréif an d'LSAP misst sech d'Fro stellen wéi laang se nach d'Koalitioun mat der CSV wëll viruféieren sou laang déi um Luc Frieden festhält.

Deemno wéi, kéint och d'Parteibasis gefrot ginn, wat si ënnert dësen Ëmstänn nach vun der Regierungspartizipatioun vun der LSAP hält.

Fir d'Taina Bofferding, de Franz Fayot an de Régis Moes ass dem Luc Frieden seng Amëschung an de Fonctionnement vun der Justiz op alle Fall besonnesch schockant, dobäi kommen d'Affairen an d'Dysfunktionnementer am SREL, vun all deem misst d'LSAP sech formell distanzéieren.

An engem Face-a-Face an der Mëttesstonn bei eis um Radio, hat de President vun der JSL Sammy Wagner gemengt, d'LSAP misst sech kloer Limite ginn wéi laang se an der Regierung bleiwe wëll wann ëmmmer nei Revelatiounen op d'Tapéit kommen. Donieft sot de Sammy Wagner, datt wuel am beschte wier wann och de Premier als politesche Chef vum SREL sech géif zeréckzéien fir esou den Drock vun der Politik ze huelen.

Déi jonk Gréng da mobiliséieren d'Bierger fir Drock op d'LSAP-Deputéiert ze maachen. Si hunn eng Internetsäit gemaach iwwert déi een eng E-mail un d'Sozialiste schreiwe ka fir se opzefuerderen, dem Luc Frieden hiert Mësstrauen auszeschwätzen. Am Text heescht et: „Dem Minister seng dubiéis Implikatiounen an der Causa Cargolux an am Bommeleeërdossier hunn dozou gefouert, datt ech kee Vertrauen méi en hien hunn“... an „Ech wëll mech rëm op eng integer a capabel Regierung verloosse kënnen déi sech och un d'Gesetzer hält.“

Den LSAP huet hir Decisioun nach net geholl wéi se sech muer positionéiert, huet de Parteipresident Alex Bodry e Mëttwochmoien nach emol am RTL-Interview ënnerstrach. D'Parteileedung sëtzt sech en Donneschdeg de Moien nach emol mat der Fraktioun zesummen. Et wéilt een eng fair Decisioun huelen, en connaissance de cause, mat alle Fakten also, sou den Alex Bodry. Jiddereen kéint intern natierlech seng Meenung soen, ma d'Majoritéit decidéiert dann an un déi intern Decisioun, déi wéi gesot nach net geholl ass, sinn d'Fraktiounsmemberen dann en Donneschdeg de Mëtteg gehal.

Den LSAP-Parteipresident huet och d'Methoden vun de Jonke Gréngen kritiséiert. Déi Method hätt hie bis ewell just vun extremistesche Mouvementer ronderëm d'Euthanasiedebatte kannt. Do géif et just ëm primitiv Parteipolitik goen.

AUDIO: Reaktioun vum Alex Bodry (12/06/2013 - 7h30)

Déi jonk Gréng schreiwen an engem Communiqué, si géifen net verstoen, firwat den Alex Bodry vun Extremismus géing schwätzen. Wann hien als Volleksvertrieder Angscht hätt, datt d'Mënschen sech bei him mëllen, dann hätt hien sech de falsche Beruff erausgesicht.