Vun uewen a vu ganz uewen ass staark Pressioun gemat ginn, den Dossier Bommeleeër zouzemaachen. Dat weisen Dokumenter déi eis virleien.

Op d'Bommeleeër-Enquêteuren ass staarken Drock gemat ginn, den Dossier zouzemaachen. Drock, dee vun den Offizéier Pierre Reuland a Patrice Solagna an och nach vu méi héich uewe komm ass, an zwar an deem Moment, wou d'Enquête sech an d'Police orientéiert huet. Dat weisen Dokumenter, déi mir kruten.

Et sinn zwou Akte-Notize vun de Bommeleeër-Enquêteuren, déi den Ament - och a politesche Kreesser - circuléieren an déi och bei eis gelant sinn. Déi éischt ass vum 24. Oktober 2006, also genee aus där Zäit, wéi d'Enquêteuren ëmmer méi d'Gendarmerie an d'Brigade mobile als Täterkreess an de Viséier geholl hunn. Den haut ugeklote Marc Scheer zum Beispill ass November 2006 verhéiert ginn.

Dat fir de Kontext. De Contenu vum Rapport ass an engem Saz explizéiert: de Police-Judiciaire-Offizéier Patrice Solagna huet op Uerder vum Directeur général Pierre Reuland an och op Wonsch vun nach méi héich, extremen Drock gemat op d'Enquêteuren, den Dossier zouzemaachen an erëm op Hamm an d'Police zeréckzekommen.

Direkt den éischte Saz ass révélateur:

De SOLAGNA freet ewéi laang datt dat Dengen nach dauert.

D'Enquêteure schreiwen dann, si giffen dem Patrice Solagna explizéieren, datt si op kee Fall wéilten zeréck op Hamm kommen:

Mir erklären him nach eng Kéier, datt mir Leit héieren di net zu Hamm an an aus goe wëllen.

D'Enquêteuren explizéieren dann hirem Chef op wéi engem wichtege Punkt an der Enquête si sinn.

Mir soen him, datt den Dossier an enger brisanter Phas ass, a froen op d'Madame Woltz him gesot huet, datt mir intern enquêtéieren an datt, wa mir elo op Hamm zréck ginn, kuerz drop jidderee weess op wie mir an der Verwaltung schaffen. Dat wier eben d'Situatioun.

An de Patrice Solagna wollt wéi et schéngt ebe just evitéieren, datt den Dossier an déi - intern - Direktioun geet:

Mir soen him, datt et vill méi einfach gewiescht wier wann hien am Dossier mat dra wier, da kéint hie sech elo ee Bild maachen a Plaz, datt mir elo hei sëtzen a mir mierken, datt hie probéiert Drock op eis ze maachen, fir datt den Dossier net an eng Richtung evoluéiert ewou en am gaangen ass hinzegoen.

Am Rapport steet dann, datt de Pierre Reuland an de Patrice Solagna – zemools och no de Perquisitioune genee wossten, datt d'Enquête sech an d'Police giff orientéieren. A si versti seng Demarche géint si esou:

Mir soen him, datt mir seng Interventioun hei ganz kloer als Drock verspieren, datt näischt méi soll am Dossier geschéien, an datt mir dëst och am Dossier esou notéieren. Mir soen him och, datt mir eis virstelle kënne vun weem den Drock, deen hien elo op eis mécht, kënnt fir opzehalen.

An da kommen zwee weider Sätz, déi däitlech weise wou den Drock op de Patrice Solagna an op d'Enquêteuren hierkënnt:

Mir soen him, datt mir dëst Gespills mat him hei elo genuch hätten an datt mir eis dëst net gefale loossen, an datt mir wëssen, datt hie vum DG geschéckt gouf, fir datt et Schluss wier. De Solagna äntwert, datt net nëmmen den DG wëll datt et zum Schluss kënnt.

Et ass also net nëmmen de Generaldirekter, deen Drock mécht, mä nach een driwwer. Jo – mä iwwer dem Pierre Reuland gouf et der jo deemools net vill.

De Rapport héiert dermat op, datt d'Enquêteure sech menacéiert fillen:

De Solagna seet, datt mir oppasse mussen, datt eis Plazen an der PJ net duerch aner Leit besat goufen, wann mir esou laang fort wieren, da misst ee kucke wou mir giffen hikommen.

Mir gesinn dëst kloer als Drohung.

Am Resumé: vun Uewen a vu ganz uewen ass staark Pressioun gemat ginn, den Dossier Bommeleeër zouzemaachen.

Bleiwe mer beim Ganz-Uewen:

Et ass nëmmen eng kleng Aktenotiz am Bommeleeër-Dossier. En Enquêteur war den 1. August 2005 Sport man an ass do dëst gewuer ginn, vun oder iwwer déi deemoleg Police-Offizéier Andrée Colas:

Minister Frieden soll gefragt haben was das soll mit unserer Soko ob das noch was bringt, scheint genervt zu sein.

Am August 2005 schwätzen also Polizisten driwwer, de Luc Frieden giff sech generft iwwer d'Aarbecht vun de Bommeleeër-Enquêteure renseignéieren. Deen huet dat also net nëmmen beim Robert Biever a bei der Madame Woltz, mä och an der Police gemat. Op Nofro sot d'Andrée Colas eis, si kéint sech un dat Gespréich an un de Kontext net erënneren, wann et do awer eng Notiz driwwer gëtt, da wier dat esou gewiescht. Dont acte.

AUDIO: De Reportage vum Nico Graf (12/06/2013 - 12h30)